Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den David zu Florenz an den David an der Bibel...

Fräie Mikro

Den David zu Florenz an den David an der Bibel...

Elteren a Florida protestéieren, wann hir Kanner am Konschtunterrecht Biller vum Michelangelo sengem David gewise kréien, Elteren am US-Staat Utah wëllen d'Bibel verbidde loossen, wéinst hire pornographeschen Inhalter. D'Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun, gräift sech un de Kapp.

auto_stories

3 min

Eng pornographesch Statu?

A Florida gouf eng Schouldirektesch entlooss, well se am Konschtunterrecht Schüler aus dem 6. Schouljoer - also wéi bei eis ëm déi 12 Joer - Biller vun dem Michelangelo sengem David gewisen huet. Fir dräi Elteren ass dat eemolegt Konschtwierk pornographesch, a si hunn esou Drock op de Virstand vun der Schoul gemaach, dass d'Madamm Hope Carrasquilla hir Aarbecht verluer huet. Allerdéngs huet de Virstand ee kapitale Feeler missen zouginn: hien hat verpasst, wéi soss üblech, den Elteren um Ufank vum neie Schouljoer e Bréif ze schécken, fir se warnen, dass hier Kanner eventuell kéinten eng Foto vum Michelangelo sengem David gewise kréien, an zwar de plein pied an net nëmme säi Kapp oder seng Hand.

"Don't say gay"

Et kéint een dat ganzt do als eng topeg lokal Reaktioun ofdoen, awer dat ass et net. De Gouverneur vu Florida De Santis huet e Gesetz validéiert, dat verbitt, an de Primärschoulen dat Wuert "Gay" ze gebrauchen. Desweidere soll an de Schoulen an Universitéite keng Fächer wéi Gender Studies méi ugebuede ginn. Aktivitéiten, déi Diversitéit, Gläichberechtegung an Inclusioun an de Mëttelpunkt stelle gi verbueden. D'Behandlung vun Theme wéi Sklaverei oder de Massaker un den amerikaneschen Urawunner soll däitlech ageschränkt ginn. Sexuell Opklärung oder einfach d'Studium vum mënschleche Kierper an der Biologie ass eréischt fir déi méi grouss Schüler, déi och eréischt an der High School dierfe gewuer ginn, dass et eppes wéi Menstruatioun gëtt. Wann esou subversiv Inhalter trotzdeem vermëttelt ginn, verléieren d'Schoule finanziell Ënnerstëtzung.

Eidel Regaler

Bei villen Enseignant'en funktionéiert schonn d'Schéier am Kapp: si hunn aus de Schoulbibliothéiken all Bicher erausgeholl, déi kéinte bei dem Education Governor a senge Beamten Ustouss erreegen. D'Menace fir si ass reell: an 13 US-Staaten si Gesetzer um Wee, déi deenen, déi a Schoulen, a Muséeën oder Bibliothéike mat Jugendlecher schaffen, zivil- a strofrechtlech Konsequenzen undréien, wann se an hirer Aarbecht net deem neie Wäertekanon entspriechen. Do schléit d'Zensur besonnesch bei Wierker vu schwaarze Schrëftsteller:innen oder bei Wierker aus der LGBTQ-Zeen zou. En total Tabu-Thema a Florida ass d'sexuell Identitéit.

An de Schoulbibliothéiken ass keng Plaz méi fir den Harry Potter, deen Hexerei verherrlecht. Bicher aus dem 19. Joerhonnert, wéi dem Mark Twain säin Huckleberry Finn, musse verschwannen, well dat Wuert Nigger dora virkënnt. Modern Klassiker wéi dem Salinger säi Catcher in the Rye si wéinst sexuellen Zeenen oder Beschreiwunge vun Alkoholkonsum jonke Mënschen net zouzemudden.

An och elo den David aus dem Alen Testament

Dann ass et jo nure konsequent a logesch, wann am Utah elo Eltere verlaangt hunn, d'Bibel net méi fir Mannerjäreger zougänglech ze maachen. Well aus dem Buch der Bücher kéinten déi jo nach munches léieren...