Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Come On Up To The House

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den Ausnamezoustand ass esou lues eriwwer

Chronik

Den Ausnamezoustand ass esou lues eriwwer

Mëtt Mäerz, wéi de Virus ugefaangen huet sech séier zu Lëtzebuerg auszebreeden, gouf et e Ruck. D'Dräierkoalitioun aus DP, LSAP a Gréng stoung no décken Diskussiounen ëm Wunnengsbau, Klimaplang an dem Récktrëtt vum Vize-Premier Etienne Schneider nees geschlossen do. D'Quereinsteigerin Paulette Lenert huet souverän d'Handbrems gezunn. Mee elo, wou et drëms geet fir de gesellschaftleche a wirtschaftleche Motor nees unzewerfen, kommen déi al Divisiounen nees op. An déi aner Regierungsmembere wëllen net méi am Schied vun der Gesondheetsministerin stoen, mengt d'Michèle Sinner a senger Chronik.

auto_stories

3 min

Dofir datt sech d'Koalitioun net eens ass, wéi et elo soll weidergoen, nodeems déi éischt Well esou wäit iwwerstanen ass, gëtt eteng ganz Rei Indicen. Ugefaangen domat, datt d'Santé bei de Fuerscher eng 50 Simulatioune fir den Deconfinement an Optrag ginn hat, an d'Regierung du mat sechs Leit Besuch doheem an 20 Leit am Freien eng Optioun gewielt huet, déi d'Fuerscher net berechent haten, wou also bis elo kee weess, wat d'Konsequenze sinn. De Premier Xavier Bettel léisst d'Gesondheetsministerin dofir léiwer net méi ze vill zu Wuert kommen, wa si zesummen optrieden. Soss géif jo vläicht ee mierken, datt déi eng an déi aner net onbedéngt d'nämmlecht séier wëllen deconfinéieren.

Beim regierungsinternen Aarbechtsgrupp, deen iwwer weidere Support fir d'Ekonomie beréit, herrscht Funkstille. Obwuel d'Betriber dréngend op Äntwerte waarden, zum Beispill op d'Fro, wat se mam Personal solle maachen, wa si wéinst de Sécherheetsmesuren net voll kënne schaffen oder dat nach guer net däerfen. Well de Chômage partiel de Finanzminister nawell eng deier Wichs gëtt, hat de Premier Xavier Bettel e Méindeg virun enger Woch gesot, et géifen nach aner Optioune fir de Betriber mëttelfristeg mat hire Käschten ze hëllefen. Zanterhier gëtt et weder dozou, nach zu engem méiglechen nohaltege Relance-Pak, déi ewell laang versprachen Annonce. D'Gespréicher sinn zwar konstruktiv, kritt ee gesot, wann een nofreet. Offensichtlech awer net konstruktiv genuch, fir op e Resultat ze kommen.

Jiddweree fir sech

Esou huet den Aarbechtsminister Dan Kersch dunn e bëssen niewelaanscht an der Froestonn an der Chamber matgedeelt, wien elo nach Kuerzaarbecht kann ufroen. A gëschter huet d'Adem e Communiqué erausgeschéckt.

Domat ass et also elo un den Administratioune fir politesch Decisiounen oder d'Absence dovun ze geréieren, wärend am Ufank vun der Kris de Wirtschafts-, de Mëttelstands-, an de Finanzminister zesummen ugetruede ware fir houfereg deen déckste Konjunkturpak vun allen Zäiten ze annoncéieren. Zanterhier ass den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot vun der Bildfläch verschwonnen.

Och soss gëtt de Flux vun Informatiounen ëmmer méi dënn, respektiv méi konfus. D'DP-Ministeren hu sech ugewinnt, Decisiounen, déi am Fong bei der Regierung leien, op den Kanäl vun der Partei op Sozialreseauen ze verbreeden, fir sech en Evidence ze setzen. Éier et eng Regierungs-Pressekonferenz gëtt. Dat leschte Beispill dofir ass den Educatiounsminister Claude Meisch, deen do Informatiounen iwwer den Deconfinement vu Schoulen a Crèchë ginn huet, déi nach net vu Regierungssäit matgedeelt waren.

PR amplaz d'Vermëttele vu politeschen Inhalter

Déi gréng stoungen am Fong gutt do, mat hirem Transport- an Arméi-Minister François Bausch, dee mat senge chineesesche Partner an Zaldote Masken an Zelter erbäigeschleeft huet. Mee datt si wärend dem Etat de crise de Ceta-Accord matgestëmmt hunn, huet déi Gréng selwer esou rose gemaach, datt si duerno de Leit, déi hiren Opportunismus a Saachen Fräihandelsaccord kritiséiert hunn, soten, si wieren ze domm fir hire Vott ze verstoen.

Dunn huet d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg mat hire PR-Beroder d'Informatioun, datt d'Belsch no engem Lager fir Nuklearoffall sicht, aus dem Tirang geholl. Ouni mat hirer belscher Homologin och nëmmen emol driwwer ze schwätzen, op den Dreck dann direkt op eis Grenz muss. Si huet fir e Publicity-Stunt e seriöen diplomateschen Incident mat engem enke Partner riskéiert. Dat ass grad esou bedauerlech wéi lächerlech, well justement d'Belsch déi radioaktiv Offäll aus de Lëtzebuerger Spideeler unhuelen, fir datt mer se net bei eis am Gaart musse vergruewen.

Wann d'politesch Inhalter fir ze vermëttele feelen, gëtt alt op PR gesat. Dat ass en alen Trick a vläicht och en Zeechen, datt den Ausnamezoustand op en Enn geet, an datt d'Normalitéit eis erëm huet.