Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Kampf ëm den Irak

Demonstratiounen am Irak

De Kampf ëm den Irak

D'Protester am Irak, déi sech op d'Haaptstad Bagdad konzentréieren, mee och a verschiddene Stied am Süde vum Land ausgebrach sinn, hu bis ewell iwwer 100 Doudesaffer gefuerdert a méi wéi 6.000 Blesséiert.

auto_stories

3 min

Korruptioun, e Mangel u Servicer an Infrastrukturen, Aarbechtslosegkeet: d'Lëscht vun de Kritiken, déi aus de Protester zu Bagdad erauszehéiere sinn, ass laang. Och wann d'Onzefriddenheet mat der Regierung näischt Neies ass, hunn d'Protester zu Bagdad iwwerrascht, seet de Mohammad, Direkter vun engem Radio zu Mossul, dee léiwer net mat sengem ganzen Numm zitéiert gëtt.

"D'Demonstratiounen hunn ugefaangen, nodeems d'Regierung d'Demissioun vum Generalleutnant Abdelwahab al-Saad gefuerdert huet, ouni e prezise Grond ze nennen. Hie war ee vun de Konterterrorismus-Offizéier, déi 2017 d'Liberatioun vun der Stad Mossul geleet huet. Vill Mënschen hu seng forcéiert Demissioun als eng Beleidegung vun engem nationalen Held empfonnt."

Bilan vun den Doudesaffer klëmmt

Iwwer déi lescht Deeg ass d'Zuel vun den Doudesaffer bis op iwwer 100 geklommen. Nieft enger brutaler Repressioun op der Plaz versicht d'Regierung och ze verhënneren, datt a weideren Deeler vum Irak ähnlech Demonstratiounen ausbriechen. Am ganze Land fält den Internet bis haut (Dënschdeg) gréisstendeels aus, et solle sou wéineg Informatioune wéi méiglech aus Bagdad kommen. Dozou dem Mohammad.

To view this video please enable JavaScript, and consider upgrading to a web browser that

"Eng Rei Tëleesstatiounen, déi iwwer d'Protester bericht hunn, sinn zu Bagdad einfach ofgefakelt ginn. D'Regierung wëllt déi kriteschst Stëmmen ausläschen, an domadder och deenen aneren Angscht maachen."

Den Iran hëlt Afloss op Bagdad

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg ass d'Arméi besonnesch haart géint d'Manifestanten zu Sadr City virgaangen, e schiitesche populäre Quartier vu Bagdad. Doropshin huet d'Regierung de Réckzuch vun der Arméi gefuerdert. Dëst net als Zeeche vu Versteesdemech, mee éischter fir dësen defavoriséierte schiiteschen Hotspot ënner Kontroll ze behalen, esou de Mohammad.

"Dës Mënsche sinn normalerweis immens engagéiert fir déi mächteg schiitesche Klerikaler, Organisatiounen a Milizen. D'Protester stellen hir Muecht um Terrain awer a Fro, an dat mécht dem Iran Angscht. Teheran huet zu Bagdad eng Schatteregierung opgebaut - och wann d'Trump Regierung versicht, méi Afloss op Bagdad ze kréien, ass den Iran den Ament e Schratt vir".

Wichtegen Zougang zu Syrien

Protester a schiiteschen Zonen zu Bagdad mee och am Süde vum Irak, kéinte mat sech bréngen, datt déi pro-iranesch Milizen, déi zur Zäit a groussen Zuelen am Norde vum Land stationéiert sinn, sech Richtung Süden, bei hire Famillen a Communautéiten, zeréckzéien. Doduercher kéinte si strategesch Positiounen an de sunniteschen Héichbuergen am Norde verléieren, do wou si zanter dem Krich géint den IS awer e groussen Afloss hunn.

"Den Iran wëllt op kee Fall seng Muecht am Norden, an haaptsächlech an der Provënz Nineveh, verléieren. Ënner anerem well dës Provënzen dem Iran e strategeschen Accès zu Syrie ginn".

Dësen Zougang zu Syrie kéint an nächster Zäit nach méi wichteg ginn. D'Trump Regierung huet gëschter annoncéiert, datt si sech aus Nordost Syrien zeréckzéie wëllen an der Tierkei domat indirekt gréng Luucht gi fir déi autonom kurdesch Regioun unzegräifen. Eng Regioun, déi och den Bachar el Assad erëm kontrolléiere wëllt, mat Hëllef vum Iran.