Um Kierchbierg Demonstratioun vun der afghanescher Communautéit
Eng 100 Leit hunn de Mëtteg virun der Philharmonie opgeruff, d'Schicksal vun de Leit am Afghanistan net ze ignoréieren.

Mat Parolle wéi "Free Afghanistan, Sanction Pakistan" an "We don't trust Taliban" hu Membere vun der afghanescher Communautéit zu Lëtzebuerg op déi desastréis Situatioun nom Kollaps vun der Regierung an der Muechtiwwernahm vun den Taliban an Afghanistan opmierksam gemaach.
Opgeruff zur Manifestatioun hat d'Organisatioun Afghan-Luxembourg Community.