Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demissiounen aus der ADR Fraen

Parteiintern Spannungen

Demissiounen aus der ADR Fraen

Nodeem d'Sylvie Mischel dëse Méindeg bei den ADR Fraen als Presidentin erëmgewielt gouf, zéien aner Memberen hir Konsequenzen. D'Marceline Goergen an d'Nicky Stoffel hunn aus dem Comité demissionéiert. Hir Decisioun wier eng Konsequenz aus der Sylvie Mischel hirer Politik, déi net korrekt wier, sou d'Marceline Goergen.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

D'Frae vum ADR-Parteipresident a vum ADR-Generalsekretär, d'Karin Schoos-Justen respektiv d'Jelena Marinkovic, hu ganz aus der Alternativ Demokratescher Partei demissionéiert a sinn domat och net méi Member bei den ADR-Fraen.

Wéinst der aktueller Stëmmung an der Partei géif hien dovun ausgoen, datt een "nach net um Enn vun der Geschicht wier", esou de Jean Schoos op d'Fro, ob mat weidere Konsequenzen ze rechne wier, no der Reelektioun vun der Sylvie Mischel.

Sylvie Mischel ass regulär zeréckgewielt ginn

De séiere Comeback vun der Politikerin, no hirer Demissioun virun engem Mount als ADR-Vizepresidentin an als Presidentin vun den ADR Fraen, kéint "inkonsequent eriwwer kommen", seet den ADR-Generalsekretär Alex Penning. "Mee et ass einfach, well dee Kongress esou no elo louch, bei där Demissioun, datt dat effektiv e bësse komesch eriwwer kënnt. Dat kënnt net ganz glécklech eriwwer. Mee d'Prozedur ass awer regulär, a si ass och demokratesch ofgelaf."

Um Kongress vun den ADR Fraen e Méindeg war d'Sylvie Mischel mat 11 vu 17 Stëmmen als Presidentin erëmgewielt ginn. Dem ADR-President Jean Schoos no hätt seng Partei knapp 2.000 Memberen. Ronn 800 dovu wiere Membere vun den ADR Fraen.

Alex Penning: Onverständnis iwwer Wonsch no Verjéngung vun der Partei

Am Numm vum Comité vun den ADR Frae war an engem Communiqué ugekënnegt ginn, datt nach virum nächsten ADR-Nationalkongress d'Weiche fir eng Erneierung an eng Verjéngung vun der ADR Spëtzt solle gestallt ginn. Dëse Saz géif hien net richteg verstoen, seet den ADR-Generalsekretär Alex Penning.

"Bon ech kréien elo 45 Joer. Wann dat fir d'ADR Fraen ze al ass ... Ech signaléieren, datt d'Madamm Mischel e gutt Stéck méi al ass wéi ech, da misst si jo awer och dann zu enger Verjéngung bäidroen an dann och e Renouveau an den ADR Frae maachen. [...] Da misst si konsequent sinn. [...] Si sot, si géif jo net méi als Vize-Presidentin kandidéieren, dann dee Moment ass si jo konsequent. Mee ech weess net, wéi ech dat do soll interpretéieren. Bon den Dokter Schoos kritt 60. Och do, wann ee seet, dat wier ze al, ech deelen déi Meenung net."