Wéi vill Läit am ganze Land an de Gemengen, Associatiounen a Betriber an engem Lëtzebuergesch Cours ageschriwwe sinn, kéint een net genee chiffréieren, seet d'Shari Schenten, Presidentin vun der Vereenegung vun de Lëtzebuergesch Professeren.
"Ech mengen den INL (Institut national des langues) ka sech net driwwer beschwéieren, datt et net genuch Schüler géife ginn, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren. Si gi richteg iwwerlaf, et gi Waardelëschte fir an d'Coursen eranzekommen. Ech mengen et ass falsch ze soen, et wéilt kee Lëtzebuergesch léieren. Et ass scho schéin ze gesinn, datt esou vill Leit wëlle Lëtzebuergesch léieren."
Masterdiplom fir Lëtzebuergesch Professer
Et wier nach net ganz bekannt, datt een op der Uni e Masterdiplom ka maache fir Lëtzebuergesch Professer ze ginn, seet d'Shari Schenten. Deen Diplom erlaabt et an de Lycéeën oder an der Erwuessenebildung beim Institut des langues Cours ze halen.
Parallel kann een och mat engem Certificat a Lëtzebuerger Sprooch an de Gemenge Sproochecoursen assuréieren. Dee Studium dauert ee Joer a kann op der Uni oder um INL gemaach ginn.
Méi Stonne Lëtzebuergesch an den internationale Lycéeën
D'Vereenegung fuerdert am Secondaire an den internationale Schoulen, datt d'Zuel u Stonnen am Lëtzebuergeschen eropgeet. Fir den Ament sti während den éischten dräi Joer just zwou Stonnen um Programm, dat géif net duergoe fir sech wuel ze fillen an enger Sprooch.
"Déi international Schoulen als Integratiounsschoulen duerzestellen ass komplett falsch. Do ass Lëtzebuergesch als Alibi genotzt ginn, fir déi Schoulen ze verkafen a fir datt d'Leit se acceptéieren. Ech fannen, datt do d'Coursë missten op mindestens véier Stonne pro Woch erop gesat gi während dräi Joer, an datt een duerno weider ee Cours als Optioun proposéiert. Well wéi solle mir verlaangen, datt si sech sollen integréieren, wa mir hinne mol d'Chance net gi fir sech ze integréieren?"
Iwwerdeems plädéiert d'Shari Schenten fir am Lycée op den ieweschte Klasse Coursen iwwer d'Lëtzebuerger Kultur unzebidden.
"Déi Coursen op 7ième iwwer d'Lëtzebuerger Kultur si ganz flott. Mee se sinn deelweis ze jonk, fir vill Situatiounen ze verstoen a souguer hir eege Situatioun ze verstoen. Ech fannen et wier och ganz flott op der 2ième oder 1ère mat de Schüler kënnen ze diskutéieren, wéi eis Identitéit sech entwéckelt huet. Fir mech gëtt et net nëmmen eng Identitéit, mee fir mech gëtt et d'Multikulturalitéit. Déi Diskussioune kéint een op deem Niveau vill méi flott féieren. Jiddweree bedauert och, datt een net konnt Lëtzebuerger Museker, Schrëftsteller a Kënschtler an der Schoul kenneléieren."
Weider fuerdert d'Vereenegung, datt eenheetlech Programmer solle festgeluecht ginn, déi fir all d'Schoule solle gëllen.