Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Demande fir Referendum ass beim Staatsministère ukomm

Verfassungsrevisioun

Demande fir Referendum ass beim Staatsministère ukomm

Et ass eng offiziell Demande fir eng Referendums-Prozedur vun engem Comité d'initiative beim Premier Xavier Bettel gemaach ginn. Dat deelt de Staatsministère an engem Communiqué mat.

auto_stories

2 min

Bei Verfassungsännerunge kann den zweete Vott an der Chamber duerch e Referendum ersat ginn. Dës Prozedur ass am Artikel 114 vun der Verfassung festgehalen.

Ee Comité d'initiative muss op d'mannst aus fënnef Bierger bestoen, an e muss eng Demande beim Premier maachen, fir e Referendum iwwer eng Verfassungsännerung unzefroen.

De Premier huet dräi Deeg Zäit fir ze decidéieren, ob d'Demande alleguerten d'Krittären erfëllt. Déi Decisioun gëtt da bannent aacht Deeg am offizielle Journal publizéiert.

Sollt d'Demande alleguerten d'Krittären erfëllen, kënnen ageschriwwe Bierger an hire Gemengen dës Demande ënnerschreiwen - spéitstens 15 Deeg no der Publikatioun am offizielle Journal, an dat bis spéitstens zwee Méint nom éischte Vott an der Chamber.

Sechs Deeg an der Woch kann een dës Demande dann op der Gemeng ënnerschreiwen - et ass obligatoresch, datt d'Gemengen et erméiglechen Samschdes dat ze iwwerschreiwen.

Wa 25.000 ageschriwwe Wieler dës Demande ënnerstëtzen, gëtt ee Referendum bannent sechs Méint organiséiert, deen dann den zweete Vott an der Chamber géif ersetzen. Dëse Referendum muss op engem Sonndeg stattfannen.

D'CSV huet d'lescht Woch gemengt, si géif mat hiren 21 Deputéiert e Referendum ufroen wa méi wéi 25.000 Leit déi ëffentlech Petitioun fir e Referendum ënnerschreiwen.

D'lescht Woch war an der Chamber eng éischt Serie vu Verfassungsännerungen an engem éischte Vott guttgeheescht ginn.