Verfassungsreform Demande fir e Referendum ka vun haut un ënnerschriwwe ginn

Vun haut u kann op der Gemeng d'Demande fir ee Referendum iwwer d'Verfassungsreform ënnerschriwwe ginn. 25.000 Ënnerschrëfte si bis den 20. Dezember néideg. Ee vun den Organisateure weist sech zouversiichtlech.

Serge Kesseler / cbi

Ënnerschrëft
Symbolbild. Foto: Bigstock / marchmeena

De Gérard Koneczny, ee vun de Membere vum Comité d'initiative, hofft, datt dës Prozedur sech an der Populatioun gutt ronderëm schwätzt an datt d'Leit de Courage fannen, dës Demande op der Gemeng ze ënnerstëtzen.

De Gérard Koneczny hat och déi ëffentlech Petitioun lancéiert, déi e Referendum iwwert déi ganz geplangte Verfassungsreform verlaangt hat. Dës Petitioun war vu knapp 18.650 Leit ënnerschriwwe ginn: dat war een neie Rekord. Dat hätt d'Bevëlkerung waakreg gemaach, mengt de Gérard Koneczny.

D'Chamber hat haut viru véier Wochen - den 20. Oktober - eng éischte Kéier fir d'Justizkapitel vun der Verfassung gestëmmt. Den zweete Vott an der Chamber kann duerch ee Referendum ersat ginn, wann op d'mannst 16 oder méi Deputéiert dat wëllen, oder wann op d'mannst ageschriwwe 25.000 Wieler dës Demande op der Gemeng ënnerschreiwen.

Enn Oktober hat ee Comité d'initiative vun aacht Memberen dem Premierminister Xavier Bettel ee Bréif geschéckt, an deem si esou eng Demande fir e Referendum gefuerdert hunn. Déi aktuell Verfassung gesäit dës Prozedur esou vir.

Méi zum Thema

Michel Wolter
Petitioun 2007

D'CSV wäert kee Referendum iwwer d'Verfassungsreform declenchéieren, esou de Michel Wolter am 100,7-Interview. Déi ëffentlech Petitioun fir e Referendum krut um Enn 18.579 elektronesch Ënnerschrëften.

Ministère de l'Etat
Verfassungsrevisioun

Et ass eng offiziell Demande fir eng Referendums-Prozedur vun engem Comité d'initiative beim Premier Xavier Bettel gemaach ginn. Dat deelt de Staatsministère an engem Communiqué mat.

Chamber
Verfassungsreform

Eng ëffentlech Petitioun fir e Verfassungsreferendum wäert an der Chamber debattéiert ginn, d'Parteie wäerte sech nach eemol zur Fro musse positionéieren. Ee Referendum kéint vum Parlament a vu Bierger declenchéiert ginn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen