Wahlen an Ungarn "Dem Orban seng Flüchtlingspolitik kënnt un!"

Aacht Milliounen Ungare wielen en neit Parlament. Ëmfroen deiten drop hin, datt de Viktor Orban déi gewanne kann. A Westeuropa ass hien ëmstridden, kënnt awer bei ville Landsleit gutt un. Den ungaresche Journalist Balázs Náray erkläert firwat.

Sophie Morang / ys

Victor Orban
De Victor Orban schwätzt viru Supporteren (Foto: picture alliance / Photoshot)

Ëmfroen am Virfeld soen dem aktuelle Premier Viktor Orban 41 Prozent viraus. A Westeuropa gëtt hie kritiséiert, wéinst senger Flüchtlingspolitik. Grad déi kënnt bei senger Basis awer gutt un, seet de Balázs Náray, en ungaresche Journalist - dee fir de Radiogrupp MTVA schafft. Dëse Grupp ass, genee wei den 100,7, Member beim Radiosreseau Euranetplus.

"Awanderung ass geféierlech. Bei eis muss net dat Selwecht wéi a Westeuropa geschéien", hätt de Viktor Orban gesot - seet de Balázs Náray. D'Flüchtlingspolitik wier d'Haaptthema an der Wahlcampagne gewiescht. Dobäi wier den Orban einfach de stäerkste Politiker am Land, d'Oppositioun wier schwaach, sou de Balázs Náray. Vill Leit wieren och mat senger Politik zefridden, well de Wuesstem gutt ass, an d'Paien e bëssen an d'Luucht goungen.

Approche zur EU? Déi selwecht!

Wann de Viktor Orban op sengem Poste confirméiert gëtt, dierft et weider goe wéi bis elo, mengt de Balázs Náray. Hie gleeft net, datt den Toun méi rau gëtt, d'Konfrontatioun mat den EU-Institutioune wäert awer weidergoen.

Balázs Náray

Méi zum Thema

Patrick Galbats
Invité am Moies-Magazin

Op den Tracë vu senger Famill ass de Patrick Galbats duerch Ungarn gezunn a presentéiert seng Impressiounen elo a Form vun enger Fotoausstellung am CNA zu Diddeleng.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen