Ganz vill Leit kréien de Contacto gratis, eréischt zanter kuerzem géifen Abonnementer un nei Lieser verkaaft ginn. Déi bei wäitem gréisst Recette ass d'Publicitéit; bal déi eenzeg am Fong: vun der Lëtzebuerger Pressehëllef ass de Contacto ausgeschloss, well si keng vun den dräi offizielle Sprooche benotzen. Aner Crièären, wéi d'Gréisst vun der Redaktioun, géif een awer erfëllen.
De José Campinho bedauert dat a fënnt dat och net ganz richteg. Et wier een nämlech a Konkurrenz mat anere Medien, besonnesch mat franséischsproochege Medien. Dës Medie géifen awer dacks vun der Pressehëllef profitéieren.
Niewent der Zeitung Contacto gehéiert och de Radio Latina zum portugiseschen Deel vum Groupe Saint-Paul. De Radio erreecht, ähnlech wéi d'Zeitung, e groussen Deel vun der portugisescher Communautéit. Op Facebook huet de Radio Latina iwwer 120.000 Follower. De José Campinho mengt dozou, datt Portugisesch déi drëttmeescht benotzte Sprooch op Facebook wier.
Op d'Fro hin, ob Contacto d'Integratioun net géif behënneren, andeems si op Portugisesch schreiwen, äntwert de José Campinho, datt hie schonn zanter 20 Joer an de Medien zu Lëtzebuerg géif schaffen, an datt dee Reproche an den Ufanksjore gemaach gi wier. Dëst hätt sech awer geännert, et géif éischter als Richesse ugesi ginn, als Ausdrock vun der Villfalt vun de Kulturen a Sproochen zu Lëtzebuerg. Hie mengt net, datt e portugisesche Sender oder Zeitung d'Leit dovunner géif ofhalen, Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch ze léieren.