Et wier eng schwéier an traureg Zäit fir d'groussherzoglech Famill an all déi Leit, déi dem Grand-Duc Jean no stoungen, esou de Premier. De Regierungschef Bettel huet och dem fréiere Staatschef seng Roll während dem Zweete Weltkrich ervirgehuewen an huet dem Grand-Duc Jean säi sozialen Engagement a säi Respekt virun de Mënschen betount.
De Grand-Duc Jean war ass a bleift e Symbol vun onsem Land a vun onser gemeinsamer Geschicht, esou de Xavier Bettel. De Grand-Duc Jean wier e Virbild, een Held an e grousse Staatsmann gewiescht, huet de Regierungschef betount.
Fir de Verlaf vun den nächsten Deeg ze diskutéieren, war de Moien um 10 Auer de Regierungsrot zesummen.
Um 12 Auer huet de Premier Xavier Bettel Rendez-vous mam Grand-Duc Henri am Schlass zu Colmer-Bierg.