Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdenger Buergermeeschter envisagéiert Demissioun

Affär Roberto Traversini

Déifferdenger Buergermeeschter envisagéiert Demissioun

Gutt placéiert Sourcë confirméieren, datt de Roberto Traversini envisagéiert de Freideg seng Demissioun als Buergermeeschter ze annoncéieren. Hien huet fir 11 Auer eng Pressekonferenz ugekënnegt. Ob hien demissionéiert, wollt de Roberto Traversini selwer net kommentéieren.

auto_stories

2 min

Nodeems de Roberto Traversini e Mëttwoch zouginn hat, datt d'Gemengeservicer säi Bungalow an der Klenggäertnerzon opgemooss haten, fir Pläng ze zeechnen, kéint elo eng zweet Immobilie an de Fokus geroden. D'Gemengeservicer hätten eisen Informatiounen no och d'Haus vun der Liewenspartnerin vum Roberto Traversini opgemooss. De Roberto Traversini seet op Nofro hin, dës Opmoossaarbechte wiere gemaach ginn, well d'Gemeng een Ament wëlles gehat hätt d'Haus ze kafen.

Dem Buergermeeschter vun Déifferdeng gëtt ausserdeem virgeheit, Aarbechten ouni déi néideg Autorisatioune maache gelooss ze hunn. De Roberto Traversini huet de Bungalow an der Klenggäertnerzon zu Déifferdeng geierft. Nieft deem Haus steet och nach e Gaardenhaus an enger Natura Schutzzon.

Um Haus an um Gaardenhaischen huet de Roberto Traversini verschidden Aarbechten ausféiere gelooss. Fir d'Aarbechten an enger Natura Schutzzon brauch een eng Geneemegung vum Environnement. Déi hat hien eréischt ugefrot, wéi d'Aarbechten ugefaangen haten. Dee Feeler huet de Roberto Traversini schonn d'lescht Woch zouginn - hie wousst net, wou d'Schutzzon géif ufänken.

Och Autorisatioun fir Aarbechten u Bungalow néideg

Wat d'Aarbechten um Bungalow selwer betrëfft, hat de Roberto Traversini e Mëttwoch mat Verweis op d'Gemengereglement gesot, et wier keng Autorisatioun fir d'Renovatiounsaarbechten néideg, déi hie maache gelooss huet, well et net an der Gréngzon, mee an der Klenggäertnerzon géif stoen. De Mike Wagner, éischte Regierungsrot vum Environnement erkläert, datt am Sënn vum Naturschutzgesetz d'Klenggäertnerzon zur Zone verte gehéiert an deemno och fir liicht Aarbechte eng Autorisatioun vum Minister néideg wier.

D'Gelänner vum Haus war iwwerdeems vun der Beschäftegungsinitiativ CIGL gefléckt ginn, ouni Rechnung. De CIGL vun Déifferdeng huet en Donneschdeg matgedeelt, datt déi Aarbechten facturéiert musse ginn. De Roberto Traversini ass President vum CIGL Déifferdeng. D'Beschäftegungsinitiativ huet confirméiert, datt dës Aarbechten net an hirem Objet social leien.