Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdeng: Kommuniste kritiséiere geplangt Flüchtlingsheem

Ukrain-Krich

Déifferdeng: Kommuniste kritiséiere geplangt Flüchtlingsheem

De President vun der kommunistescher Partei kritiséiert, datt Flüchtlingen aus der Ukrain an engem fréieren Hotel zu Déifferdeng sollen ënnerbruecht ginn. An deem Gebai wieren am Fong Sozialwunnengen a Wunnenge fir al Leit geplangt gewiescht, esou den Ali Ruckert am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

Ali Ruckert | © Chris Zeien
Den Ali Ruckert ass laangjärege President vun der Kommunistescher Partei zu Lëtzebuerg

Den Ali Ruckert betount, d'Lëtzebuerger Regierung wier fir d'éischt fir d'Leit hei am Land responsabel an et wier de Gemengen hir Aufgab de Leit, déi hei liewen, Wunnengen ze ginn.

D'Gemeng Déifferdeng hätt rezent en Hotel kaaft, dee faillite gaangen ass. Hei hätte 50 Sozialwunnenge fir eeler Leit entstoe sollen. Datt déi Leit elo waarde mussen, well Flüchtlingen aus der Ukrain kommen, wier "net normal", esou de President vun der Kommunistescher Partei am 100,7-Interview.

"Ech fannen et net normal, datt da bei esou engem Projet, dee laang geplangt ass a wou vill Leit sech drop gefreet hunn, datt se eng Wunneng do géife kréien, datt do lo op eemol Flüchtlinge géifen dragesat ginn. Da muss een aner Moyene fannen, awer net op Käschte vun de Lëtzebuerger a vun de portugiseschen Immigranten hei am Land."

Den Ali Ruckert ass zwar dofir, datt och d'Flüchtlingen aus der Ukrain gehollef kréien, dat dierft awer net op Käschte vu Bierger geschéien, déi hei am Land wunnen. Et misst een aner Léisunge fir d'Flüchtlingen aus der Ukrain fannen.

Ali Ruckert: NATO dréit Matschold um Krich

D'kommunistesch Partei zu Lëtzebuerg wier géint de Krich, den Ali Ruckert ass awer der Meenung, datt d'NATO eng Matschold um Krich an der Ukrain huet, well si an de leschten 30 Joer nei Memberen am Oste vun Europa opgeholl huet.

Den Ali Ruckert ass der Meenung, datt de Krich an der Ukrain hätt kënne verhënnert ginn, wa virun e puer Joer kloer festgehale gi wier, datt d'Ukrain net an d'NATO opgeholl géif ginn.

"Dat ass awer ni gemaach ginn. Dee Russenhaas, deen ass an de leschte Jore systematesch an der Ukrain weidergedriwwe ginn."