Radioen

On air

Notturno  |  Sam Gendel & Marcella Cytrynowicz - CD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdeng: Éischte Vott vum PAG soll annuléiert ginn

Affär Gaardenhäischen

Déifferdeng: Éischte Vott vum PAG soll annuléiert ginn

D'Oppositioun zu Déifferdeng mécht dem Roberto Traversini nei Virwërf. Den DP-Conseiller François Meisch geheit dem Buergermeeschter Abus de pouvoir vir, well hie Gemengeservicer ugestallt hätt, fir eng Levée vun der besoter Propriétéit a vu sengem private Wunnhaus ze maachen.

auto_stories

3 min

De François Meisch huet Kopië vun dëse Pläng mam Logo vun der Gemeng virgeluecht. Déi hätt hien och dem Parquet iwwerginn, well een elo definitiv am Strofrecht ukomm wier, sou den DP-Politiker. De Roberto Traversini, confirméiert, datt e Leierbouf an der Geméng d'Pläng gezeechent hätt.

Am Kader vun der PAG-Prozedur vun Déifferdeng ass den Terrain ëm deen et geet, vun enger Gaardefläch an eng Wunnzon ëmklasséiert ginn. D'Oppositioun geet dovun aus, datt den Déifferdenger Buergermeeschter sech doduerch e Virdeel geschaaft huet.

Am Gemengerot hat de Roberto Traversini de Mëttwoch de Moien erkläert, fir d'Aarbechten um Haus selwer dat an der Kleingärtnerzone leit, an un deem enner anerem d'Fensteren ersat goufen, wier laut Gemengereglement keng Autorisatioun noutwenneg. Den éischte Regierungsrot am Environnement Mike Wagner huet eis awer op Nofro gesot, och dofir bräicht een eng Genehmegung vum Environnement.

CIGL huet Aarbechten duerchgefouert

Dem Roberto Traversini gouf am Virfeld vun dëser Gemengerotssëtzung virgeheit, datt hie Gemengeservicer soll ugestallt hunn Aarbechten um Terrain, um Haus an um concernéierte Gaardenhäischen duerchgefouert ze hunn. Dat confirméiert de Roberto Traversini deelweis. De CIGL hätt d'Gelänner beim Haus festgemaach an ugestrach, huet de Buergermeeschter erkläert. Dat wier vläit "net dat Gescheitst" gewiecht, sou de Buergermeeschter de Mëttwoch de Moien an der Gemengerotssëtzung. De François Meisch huet dofir en externen Audit gefrot.

Roberto Traversini: Prozesser evitéieren

De Roberto Traversini huet och erkläert, datt e weidere Memeber vum Gemengerot direkt vum PAG betraff wier, den Numm vun der Persoun wollt hien awer net nennen. Et géif, senger Meenung no, och eng Jurisprudenz déi bestätege géif, datt hien als Concernéierten an den net genannte Gemengerotsmember och um Vote iwwer de PAG hätten dierfen deelhuelen.

Sollt et elo zu engem Prozess kommen, géif vill Zäit verluer goen, sou den Déifferdenger Buergermeeschter. Dofir soll elo den éischte Vote iwwer de PAG an der Gemengerotssitung den 9. Oktober annuléiert ginn. Doduerch géif een zwar Zäit verléieren, awer manner wéi duerch Prozesser, sou nach de Roberto Traversini.


De Roberto Traversiniplay_arrow


Update 19. September 10 Auer:

Nodeems den Roberto Traversini de Mëttwoch zouginn huet, datt hien Gemengeservicer ugestallt hat, d'Pläng vun sengem Haus an der Klenggäertnerzon ze zeechnen an dass Beschäftegungsinitiativ CIGL säi Gelänner gefléckt huet, ouni dass e bezuelt huet, ginn et méiglecherweis nach weider Problemer fir den Déifferdenger Buergermeeschter Traversini. Hien hat gëscht am Gemengerot gesot, laut Reglement wier keng Autorisatioun néideg gewiescht, fir déi Aarbechten déi hien um Haus maachen gelooss hat, well et an déer Klenggäertnerzon steet an net an der Zone verte. De Mike Wagner, éischte Regierungsrot am Environnement sot eis awer nom Sënn vum Naturschutzgesetz wier dëst Enges, an dofir wier och fir liicht Aarbechten un esou engem Haus, déi d'Apparence net änneren, eng Autorisatioun vum Minister noutwendeg.