Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déifferdeng: "E knéckege Buergermeeschter"

Gemengewahlen 2017

Déifferdeng: "E knéckege Buergermeeschter"

Déi gréng-rout-schwaarz "Kenia"-Koalitioun zu Déifferdeng hätt villes a véier Joer erreecht an d'Gemengeschold massiv reduzéiert, seet de gréngen Deputé-Maire Roberto Traversini. Dem DP Spëtzekandidat François Meisch no wier virun allem dat ëmgesat ginn, wat am Akkord 2011 mat der DP festgehale gouf. D'Koalitioun hätt vill Projete versprach, mä net realiséiert.

auto_stories

4 min

Fir d'Gemengewahlen hunn déi gréng an d'DP sech zu Déifferdeng kloer Ziler gesat: Déi Gréng wéilten zwee Sëtz bäikréien, fir op fënnef ze kommen, esou de Buergermeeschter Roberto Traversini am Face-à-Face mam DP-Spëtzekandidat François Meisch.

De liberale Kandidat huet sech sengersäits optimistesch gewisen, datt d'DP hir siwe Sëtz zu Déifferdeng behale kann. An dat mat enger neier Equipe, bei där hir stäerkste Kandidate vun 2011 awer net méi derbäi sinn. "Mir hunn eis zum Deel erneiert, ma hunn eng erfueren a kompetent Equipe", betount de François Meisch.

Koalitioun déi gréng - DP?

2011 waren d'DP an déi gréng an enger Koalitioun zu Déifferdeng. Nom Wiessel vum Claude Meisch an d'Regierung, ass zënter 2014 awer eng gréng-rout-schwaarz Majoritéit um Rudder.

Déi Gréng hätten sech deemools vun der DP "distanzéiert", sou de François Meisch. Et hätt awer ni grouss programmatesch Differenzen tëscht béide Parteie ginn. D'Kenia Koalitioun hätt bis haut zu 90 Prozent och de Programm ëmgesat, deen 2011 mat der DP decidéiert gi wier.

Schutz vun Eefamilljenhaiser

Ouni d'DP hätt déi aktuell Koalitioun villes kënnen duerchsetzen, wat mat de Liberalen net dra gewiescht wier, seet par konter de Robert Traversini. Hie nennt d'Beispill vum "Baustopp" bei Eefamilljenhaiser. Déi dierfen zu Déifferdeng net ofrappt ginn, fir Appartementshaiser ze bauen - ausser fir Studenten, Senioren oder Flüchtlingen.

Domat hätt een der Gemeng méi Kontroll wéilte ginn, esou de Buergermeeschter. "Et kann net sinn, datt d'Promoteuren decidéieren, wou, a wéi deier gebaut gëtt". D'Gemeng kéint elo d'Präisser mat influenzéieren a verhënneren, datt et ëmmer méi deier gëtt.

Beim Appartements-Verbuet wier d'DP méi nuancéiert virgaangen, betount de François Meisch. Et wéilt een, datt Déifferdeng sech entwéckelt, net datt Quartiere "stoe bleiwen". Fir bezuelbare Wunnraum ze schafen, wëll d'DP Gemengen-Terrainen notzen an an "eegener Regie" handelen.

Tax op eidele Wunnengen

E puer Honnert Haiser stinn eidel zu Déifferdeng. D'Agence Immobilière sociale Kordall hätt 70 Haiser an Appartementer an zwee Joer op de Maart kënne bréngen, erkläert de Roberto Traversini. Wann d'Leit do net matmaachen, géifen no de Wahlen Taxen ageféiert ginn op Wunnengen an Terrainen, déi eidel stoe gelooss ginn.

"Dat ginn Taxen, déi wéi soen", sou de Buergermeeschter. Et kéint net sinn, datt Wunnengen eidel stoe gelooss ginn, fir ze spekuléieren. Hien huet do och d'Beispill vun Esch-Belval genannt. Och op Esch-Belval géifen "Honnerte Wunnengen eidel stoen, an deenen nach ni ee gewunnt huet", sou de Roberto Traversini.

Commerce a kreativ Wirtschaft

Mam Centre Commercial Obkorn kritt Déifferdeng e groussen Akafszenter mat 27 Butteker, fënnef Restauranten an engem Supermarché, net wäit vum ale Stadkär. "Dat ass eng Chance, fir och den Zentrum nei ze beliewen", mengt de Roberto Traversini.

D'DP wëll am Zentrum och déi kreativ Wirtschaft ausbauen. De François Meisch proposéiert zentral Dependancë vum sougenannten 1535° Creative Hub, wou iwwer 400 Aarbechtsplazen am kreative Beräich entstane sinn. "Mir wëllen eidel Geschäftslokaler lounen, fir Start-Ups a Pop-Up Betriber aus dem kreative Beräich dohinner ze bréngen", sou den DP-Spëtzekandidat.

Manner Scholden

Duerch d'Reform vun de Gemengefinanze kritt Déifferdeng siwe Milliounen Euro méi an d'Gemengekeess. Dat hëlleft, fir weider Scholden ofzebauen, seet de Roberto Traversini. Hie wier als Buergermeeschter "zimlech knéckeg". Bei der Gemeng selwer wier gespuert ginn, bei de Fonctionnements-Käschten. An dat wär net einfach fir déi, déi do schaffen.

D'Gemeng hätt awer och vun europäeschen a staatlech Subside profitéiert. Fir de 1535° Creative Hub krut Déifferdeng zum Beispill néng Milliounen Euro vum Staat. Dem Roberto Traversini no wieren d'Scholde vun 100 Milliounen Euro a véier Joer ëm bal d'Halschent reduzéiert ginn.

D'Erklärung dofir wier awer, datt d'Koalitioun eng ganz Partie versprache Projeten net ëmgesat hätt, seet dozou den DP-Spëtzekandidat François Meisch. Déi Projete géifen elo, virun de Wahlen, nees ugekënnegt ginn. An dat wier "eng riseg finanziell Hypothéik fir déi nächst Equipe".

Neie Lycée zu Déifferdeng?

De Roberto Traversini an de François Meisch si sech eens: Nieft där neier internationaler Schoul bräicht Déifferdeng nach en neie Lycée. Et kéint net sinn, datt an där drëttgréisster Stad zu Lëtzebuerg Honnerte Schüler Déifferdeng musse verloossen, fir an e Lycée ze goen, esou de Roberto Traversini. Hien hätt dofir och schonn eng Demande beim Ministère gemaach, fir déi néideg Suen ze kréien. Eng Äntwert hätt hien awer nach net kritt.