Pëtrolpräisser Deiere Sprit: Impakt op Transport a Fligerei

Grad ewéi de Gas gëtt och de Pëtrol ëmmer méi deier. Dës Tendenz ass duerch den Ukrain-Konflikt nach eemol verstäerkt ginn. Wat bedeit dat fir Secteure wéi d'Aviatioun oder Wuerentransport iwwer d'Strooss, déi vill Sprit verbrauchen?

Maurice Molitor / cbi

Pëtrol
De Pëtroll an domat den Diesel an de Kerosin ginn ëmmer méi deier. Foto: picture alliance / NurPhoto | Alain Pitton

Lauschteren


"Mir hu keng Alternativ zum Diesel", seet de Ben Frin aus der Direktioun vum Stroossentransporter Arthur Welter. Dofir huet hien d'Erhéijung vun der CO2-Steier schonn ongerecht fonnt.

Datt de Krich de Pëtrolspräis elo nach eemol an d'Luucht dreift, arrangéiert natierlech näischt. All Cent méi um Liter Diesel géif d'Entreprise 120.000 Euro d'Joer kaschten. Den Impakt vun de rezenten Haussen - 35 Cent zanter dem 1. Januar - ass also gewalteg.

Arthur Welter wëllt wa méiglech Tariffer noverhandelen

Arthur Welter wäert kuerzfristeg mat där Augmentatioun kämpfe mussen, seet de Ben Frin. Et kéint een déi Hausse nämlech net un all Client weiderginn: deelweis wieren d'Tariffer fir 2022 nämlech schonn negociéiert.

Dofir wéilt Arthur Welter kucke fir mëttelfristeg d'Tariffer vun 2022 nozeverhandelen. Bei engem Deel vun de Clientë gëtt den Tarif ugepasst, jee no Variatioun vum Dieselspräis, mee och dat geschitt zäitlech decaléiert.

Ëmmerhi wier de Risiko, datt Clienten ofsprangen, geréng. Fir d'Cliente gëtt et nämlech dacks keng Alternativ zum Transport iwwer d'Strooss, seet de Ben Frin.

Hie geet dovunner aus, datt d'Konkurrenz déi nämmlecht Problemer huet an hir Tariffer och missten no uewen upassen, sou datt do Chancëgläichheet garantéiert ass.

Luxair: Indextranchë kéinte problematesch ginn

Der Luxair dinn déi aktuell Präishaussen erstaunlecherweis net wéi, well si de Kerosin fir 2022 schonn an de leschten zwee Joer kaaft huet, wou de Präis méi niddreg war.

De Gilles Feith mécht sech Suergen ëm déi vill Indextranchen a kuerzer Zäit: No der Indextranche am Oktober rechent hien domadder, datt am Abrëll déi nächst kënnt.

"Wann dann nach eng Kéier dëst Joer kënnt, also ech weess net, wéi mer déi Käschtenexplosioun kënne verdauen."

Hie wéilt den Index net a Fro stellen, seet de Gilles Feith. Mee de Cumul vun all deem wat méi deier gëtt, do misste Léisunge fonnt ginn.

Méi zum Thema

Illustratioun Energiepräisser
Hausse vun den Energiepräisser

D'Decisiounen vum Energiedësch waren en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung, soen d'Gewerkschaften. D'Entwécklung vun Gas- a Pëtrolspräisser géif awer weisen, datt et domat net duergeet.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen