D'Ligen, op där alles baséiert ass déi, datt et fir den Donald Trump onméiglech wier d'Presidentschaftswalen am November ze verléieren. Eng Ligen, déi vum President selwer verbreet gouf, scho virun de Walen, an dunn ëmmer méi a mat ëmmer méi aggressivem Toun wärenddeem d'Stëmmziedelen ausgezielt goufen.
Den Donald Trump ass Schold, datt Honnerte vu senge Supporter de Kapitol erstiermt hunn. Hien ass Schold drun, datt net Dausenden, nee, Milliounen Amerikaner der Wourecht net méi gleewen, den Noriichten net méi gleewen, an an hirer eegener alternativer Realitéit liewen. Hien huet hinne vum héchsten Niveau aus d'Erlabnes gi fir un déi gréisst Verschwörungstheorien ze gleewen, déi wou alles gemaach gëtt fir de President Trump aus dem Wäissen Haus ze geheien.
Annoncéiert Presenz mat Waffen
Elo hu mir Angscht an Amerika, well vill vun deene Leit net nëmmen dodru gleewen. Déi, déi de Wee an déi donkelst Ecke vum Internet fonnt hunn a sech do treffe sinn der Meenung, datt et un der Zäit ass géint d'Leit un der Muecht ze rebelléieren. Virun nach enger Woch wier dat nach witzeg gewiescht, mee e Mëttwoch, 6. Januar, sinn déi Leit, déi et virdru just um Internet oder vereenzelt op Trump-Evenementer am déifsten Amerika gouf, zu enger geféierlecher bewaffneter a ganz reeller Personifikatioun vun de schlëmmste Verschwörungstheorien an dem President senge Lige ginn.
Eppes huet deen Dag gefeelt, an dowéinst hu mir Angscht an Amerika. Et muss ee sech virstellen, dat vill vun dëse rosene wäisse Männer hir Pistoulen a Gewierer doheem oder am Auto gelooss haten. Well Washington déi Waffe verbitt, fille mir eis hei nach e bësse méi sécher. Mee an Amerika steet net nëmmen ee Kapitol. Et gëtt der 50, ee pro Staat, an do an zu Washington wëllen dës Gruppe sech dëse Sonndeg nees weisen, dës Kéier mat Waffen.
En donkelt neit Kapitel an der Geschicht vun den USA
Et mécht schonn esou genuch Angscht. Mee de Fait, datt dës Leit an hirer alternativer Welt liewen, wou den Donald Trump näischt falsch maache kann, wou him d'Presidence geklaut gouf, a wou mir Journalisten hirer Meenung no Lige verbreeden, dat heescht, datt mol net mat hinnen diskutéiert ka ginn.
Elo sinn hei zu Washington Dausenden Zaldote stationéiert fir eis virun de Leit, déi dem President seng Lige gleewen, ze beschützen. En donkelt neit Kapitel an der Geschicht vun den USA schéngt unzefänken, dat ass keng Iwwerdreiwung.