Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Sébastien Tellier - Divine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi ukrainesch Vize-Ausseministesch zitt ee positive Bilan vun hirer Lëtzebuerg-Visitt

Ukrain-Krich

Déi ukrainesch Vize-Ausseministesch zitt ee positive Bilan vun hirer Lëtzebuerg-Visitt

Déi ukrainesch Vize-Ausseministesch zitt e ganz positive Bilan vun hirer Visitt zu Lëtzebuerg. Si hätt déi lescht zwee Deeg an hire verschiddenen Entrevuen eng extrem grouss Ënnerstëtzung gespuert, sou d'Eminé Dzhaparova de Freideg Moien op engem kuerze Point presse no enger Reunioun mat Deputéierten. Si ass do och nach eemol op d'Ried vum Xavier Bettel gëscht ugeschwat ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Villes an där Ried huet der Eminé Dzhaparova gefall. Bal alles am Fong. Just ee Punkt wier hir sauer opgestouss, huet d'Vize-Ausseministesch de Muergen ze verstoe ginn. War et d'Opfuerderung vum Xavier Bettel un de Selenskyj, en direkt Gespréich mam Wladimir Putin ze sichen? Nee, dat war ok. Et geet ëm dëse Saz:

"C'est les autorités, les dirigeants russes qui ont provoqué cette guerre. On ne doit pas tomber dans le cliché de dire que tous les Russes du monde entier ... et d'avoir cette russophobie que l'on connait aussi."

Dee Saz wier "far away from the reality". Wäit ewech vun der Realitéit also.

"Ech mengen, dass mer d'Situatioun e bësse méi akkurat beurteele mussen", sou déi ukrainesch Vize-Ausseministesch. Ëmfroen a Russland hätte gewisen, datt 74 Prozent vun de Befroten dem Putin säi Krich ënnerstëtzen. D'Eminé Dzhaparova freet sech wien dës Leit solle sinn.

An da verzielt d'Eminé Dzhaparova vun Telefonsgespréicher, déi ofgelauschtert gi sinn, wou russesch Zaldote vun hire Frae gréng Luucht kréien, a scho bal encouragéiert ginn, fir ukrainesch Fraen ze vergewaltegen. Dat Beispill an anerer géife weisen.

"It is an agressor state, it is a terrorist state. And I believe it's a maniac state."

Russland wär en Ugräifer-Staat, en terroristesche Staat, e wahnsinnege Staat. An dat léich net just un senge politesche Leaderen.