Radioen

On air

Notturno  |  William Tyler & The Impossible Truth - Area Code 601

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Strooss bréngt näischt!"

Käerjenger Contournement

"Déi Strooss bréngt näischt!"

Jorelaang fuerdert d'Gemeng Käerjeng e Contournement, fir ë.a. d'Lëtzebuerger Strooss ze entlaaschten. De Projet dierft elo konkret ginn, d'Regierung huet e gutt geheescht. D'Nopeschgemeng Suessem bléift géint déi Strooss, a gëtt sech och net geschloen.

auto_stories

2 min

De Georges Engel wäert de Käerjenger Contournement net stëmmen. Foto: Archiv.

Et kann een dovun auszegoen, datt de Projet vum Käerjenger Contournement nach virun de Walen am Oktober duerch d'Chamber geet. "Een dee mech kennt, weess, datt ech dat net wäert stëmmen", seet de Suessemer LSAP-Buergermeeschter Georges Engel. "Wann deen Ament Fraktiounszwang sollt sinn, da bleiwen ech net an der Chamber, da muss ech do austrieden!"

Sträit tëschent 2 Gemengen

D'Gemeng Suessem wiert sech zënter Jore géint de Bau vum Contournement. Virun allem géint déi éischt Variant déi um Dësch war. Hei louch d'Strooss komplett op Suessemer Terrain. De Kampf vun der Gemeng hätt eppes bruecht, seet de Georges Engel, schliisslech géif d'Variant 2, ëm déi et hei geet, meeschtens iwwert Käerjenger Terrain féieren - och wann d'Jonctioun un d'Collectrice du Sud weider op Suessemer Terrain bleift.

"Datt d'Regierung déi Decisioun elo geholl huet, ass keng Iwwerraschung", seet de Georges Engel - et wier jo laang ugekënnegt gewiescht. A weider: "Et deet mir leed, datt elo eng Strooss vun 130 Milliounen Euro deelweis duerch e Bësch gebaut gëtt, si de Problem awer net léist."

Suessem iwwerleet, wat ze maachen ass

"Mir loossen den Dossier emol kommen", seet de Georges Engel, "da kucke mir wat Sënn mécht!" Et wéilt een net onbedéngt iwwert eng juristesch Prozedure blockéieren, wann ee mierkt, datt dat jorelaang dauert a finalement awer näischt bréngt. Ganz ausschléisse mëscht de Suessemer LSAP-Député-Maire dëse Wee aktuell awer och net.

"Schued, datt e grénge Minister esou eng Decisioun hëlt!"

De George Engel bedauert d'Decisioun vum gréngen Infrastrukturminister François Bausch. Hie versteet dëst awer net als Victoire vun der Gemeng Käerjeng. Et wier vill méi en Deel vun enger Transportpolitik, déi am Süden näischt bréngt.


D'Sophie Morang am Panorama de Samschdeg, 17. Mäerz um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow