Radioen

On air

De Moien  |  The Rolling Stones - Get Off Of My Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi selwecht Ziler, mee ënnerschiddlech Weeër fir dohin

Europawahlen 2019

Déi selwecht Ziler, mee ënnerschiddlech Weeër fir dohin

An de Kichegespréicher komme jonk Politiker zu Wuert, déi fir hir Partei an d'Europawahle ginn. An der zweeter Editioun schwätzen d'Mara Martins (déi Lénk) an de Loris Meyer (DP) doriwwer, wéi een de Klimaschutz am beschten ugeet.

auto_stories

3 min

Datt de Klimaschutz grad bei jonke Politiker de Moment e wichtegt Thema ass, erkläert d'Mara Martins domat, datt d'Problematik an de soziale Medien extrem present ass. Si hätten d'Problematik erkannt a géifen sech elo och responsabel fillen.

Fir d'Engagement vun de Jonken, déi ënner dem Numm "Fridays For Future" op d'Strooss gaange sinn, gouf et awer net nëmme Luef, och vun EU-Politiker. An dach kéint eng Europäesch Unioun fir gudde Klimaschutz stoen, seet de Loris Meyer vun der DP. Et géif ëmmer Leit ginn, déi probéieren eppes schlecht ze rieden, mee den Ëmstand, datt d'Greta Thunberg hätt dierfen am Parlament schwätzen, géif weisen, datt een d'Problematik eescht hellt.

An hirem Wahlprogramm setze sech déi Lénk fir d'Ofschafe vum Emissiounshandel an, deen et "de Firmen erlaabt, Rechter op Ëmweltverschmotzung ze kafen". Ersat gi soll dee System duerch eng CO2-Steier.

Den ETS (Échange de quotas d'émission de gaz à effet de serre) klappt net, seet och de Loris Meyer. D'Ziler hätt ee verfeelt an et misst een de System iwwerschaffen. Bei enger CO2-Steier wier eng DP awer méi virsiichteg, well dat och en Impakt op de Marché kéint hunn. Donieft kéinte Leit mat engem méi klengen Akommes dovunner benodeelegt ginn, well net nëmme Konzerner, mee och Verbraucher déi Steier bezuele missten.

De Loris Meyer vun der DP

An engem Artikel an der britescher Zeitung The Guardian haten de Gouverneur vun der englescher Zentralbank, de Mark Carney, an de Chef vun der der franséischer Banque centrale, de François Villeroy de Galhau, Banken, Finanzregulateuren an aner Entreprisë gewarnt. Huelt de Klimawiessel eescht, oder dir riskéiert ganz vill Suen ze verléieren.

Et sollt ee beim Klima eigentlech net no Sue kucken, sou d'Reaktioun vun der Mara Martins. Wann et awer déi eenzeg Manéier wier, datt och d'Finanz-Instituter "erwächen", da wier et gutt. Déi richteg Approche wier et trotzdem net, seet déi jonk Politikerin vun déi Lénk.

D'Mara Martins vun déi Lénk

De Klimaschutz hëlt bei ville Parteien an dësem Wahlkampf eng grouss Plaz an. Déi Meescht si sech bewosst, datt de Klimaschutz stattfënnt, seet de Loris Meyer. An dach si sech souwuel de Politiker vun der DP, wéi och d'Kandidatin vun déi Lénk eens, datt et och beim Klimaschutz en Ënnerscheed mécht, wéi eng Partei ee wielt. D'DP géif op de Wee goen, bei deem een de Staat, awer och d'Privatwirtschaft mat abënnt, seet de Loris Meyer, de Staat kéint haut net méi alles eleng finanzéieren.

déi Lénk hätten eng Approche, bei där virun allem staatlech Subventiounen eng grouss Roll spillen, seet d'Mara Martins, d'Ekologie misst Hand an Hand mat der Gesellschaft goen. Am Endeffekt misst jiddweree fir sech selwer entscheeden, wat e fir richteg hält.