Radioen

On air

De Moien  |  Adrian Crowley - Bread and Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi schweedesch Approche

Mäin Europa

Déi schweedesch Approche

Enn Februar hunn déi meeschten europäesch Länner Ausgangsspären decidéiert fir d'Ausbreede vum neie Coronavirus anzedämmen. Schwede geet een anere Wee. D'Maxi Pesch huet sech informéiert.

auto_stories

7 min

Schweden huet eng aner Strategie am Ëmgang mat der Corona-Pandemie gewielt. Foto: Bigstock / Tupungato (Archiv)

"Wann een zu Stockholm op der Strooss ënnerwee ass, da gesäit een an der Stad Biller déi opgehaange sinn, déi d'Leit un d'Sécherheetsrecommandatiounen erënneren. Dat selwecht gëllt fir d'Geschäfter. Et sinn och vill manner Leit ënnerwee."

Seet d'Julia Senninger, déi zu Stockholm wunnt. A Schwede gëtt et kee komplette Lockdown. Hei sëtzt d'Regierung op Social Distancing an op de Schutz vun der vulnerabeler Populatioun. Dat alles op fräiwëlleger Basis.

Mee obwuel et keng streng Kontrollen, keng Protokoller, keen Tracking an och keng Handy-Applikatioune ginn, d'Restauranten, Caféen, Geschäfter a Schoulen op sinn, ass d'Liewen am nordesche Land alles anescht wéi normal, seet och d'Aminar Manzoor. Si ass medezinesch Journalistin fir Dagens Nyheter, déi gréissten Dageszeitung a Schweden.

"Verschidde Leit mengen, datt Schweden näischt géint d'Corona-Pandemie ënnerhëlt. Mee dat ass total falsch. D'Liewen hei huet total changéiert. Et dierfen net méi wei 50 Leit beieneen. Déi meescht vun eis bleiwen déi meeschten Zäit doheem oder isoléiere sech selwer a schaffe vun doheem. Restauranten an d'Bare sinn op, mee et kann een net un d'Bar, et gëtt just Service de table an et muss een Ofstand halen."

Vill Doudesfäll

Am grousse Ganzen huet Schweden mat senge gutt zéng Milliounen Awunner bis elo awer manner gutt ofgeschnidden. Mat am Ganzen iwwer 3.700 Mënschen déi u Covid19 gestuerwe sinn, ginn et hei dräimol méi Doudeger wéi an Dänemark, Norwegen a Finnland zesummen.

Fir d'Ulrika Björkstén, Chefredaktesch vum Departement fir d'Wëssenschaft beim ëffentlech rechtleche Radio a Schweden hätt dat e puer Grënn:

"Tout au début, c'était des cas importés. C'était surtout des gens assez jeunes qui sont allés skier en Italie ou en Autriche. Des gens qui ont voyagé en Angleterre, qui ont amené le virus en Suède en mars. Donc là, les cas étaient des jeunes gens actifs. Après quand la contagion est venue à l'intérieur du pays il y a beaucoup plus de gens âgés qui ont été touchés. Mais il y a aussi plusieurs façons de calculer les morts."

Méi wéi 80 Prozent vun all den Doudesfäll betreffe Leit iwwer 70 Joer. Schweden hätt et net fäerdeg bruecht seng vulnerabel Populatioun ze schützen, dat sot d'Regierung rezent selwer. Eng grouss Majoritéit vun deene Leit wieren op Hëllef doheem ugewisen oder a Fleegeheemer gewiescht, erkläert de Professor Ingmar Skoop, Expert an der Gerontologie a Professer op der Göterborgs Uni.

"D'Regierung huet de Fleege- an Altersheemer net vill Informatioune ginn. Mir, op der Uni, hu vun Ufank u gewarnt, datt déi Kris wäert Repercussiounen op d'Heemer hunn. Mee keen huet dorop reagéiert. Kee wollt sech mat dem Theema beschäftegen an de Rot unhuelen. Eis Rotschléi goufen net seriö geholl. An da kënnt de Problem dobäi, datt d'Heemer hei 290 verschidde Gemeinschaften ugehéieren, an déi hunn all eng aner Approche. D'Personal, dat an den Heemer schafft, ass och net informéiert, wat d'sanitär Mesuren ugeet. Dat kann och en Impakt hunn."

Den Impakt op Fleegeheemer

Zanter dem 31. Mäerz dierfe keng Visitte méi an den Heemer gemaach ginn. Mee wéi a villen aneren europäesche Länner wier et scho virdrun net genuch Protektiounsmaterial ginn a vill Infirmiere wieren am Ufank vun der Kris op d'Aarbecht gaangen, obwuel si Symptomer gewisen hunn.

D'Populatioun an de schweedeschen Altersheemer wier immens vulnerabel, erkläert de Ingmar Skoop. De Risikio fir u Covid-19 ze stierwen deemno héich.

"Vill vun deene Leit sinn dement, si kënnen net kommunizéieren, si kënnen net soen, wa si eng Halsentzündung hunn a si kënne sech och schlecht un d'Instruktiounen halen. Si lafen also ronderëm a verbreeden de Virus. Een anere Facteur ass déi hygienesch Hëllef, op déi si ugewise sinn. D'Personal muss ganz no mat hinnen zesummeschaffen, dobäi kënnt, datt eng al Persoun an enger Woch vu bis zu 16 verschidden Infirmiere betreit gëtt. Dat sëtzt de Risiko natierlech och an d'Luucht."

Dobäi kéim, datt d'Leit an den Heemer net de Choix hätten hospitaliséiert ze ginn. D'Decisioun, si net an d'Klinik ze bréngen, géif vun der nationaler Guideline suggeréiert ginn. Op e generelle Lockdown d'Situatioun a Schwede besser gemaach hätt, wier schwéier ze soen, erkläert den Ingmar Skoop.

"Dat ass immens schwéier ze soen. Déi meescht Länner hate Schwieregkeeten de Virus aus de Fleegeheemer erauszehalen. Mee vläicht hat et en indirekten Impakt. Schweden hat eng bësse méi grouss Ausbreedung, doduerch ass vläicht méi Personal ugestach ginn. Mee et ass schwéier ze soen, wat an deem Fall geschitt wier."

D'Verbreede vum Virus

D'Konsequenz vun der schweedescher Strategie kéint a Richtung vun enger Herdenimmunitéit goen, och wann dat net déi offiziell Kommunikatioun wier, seet den Tom Britton. De Mathematiker schafft ënner anerem fir déi national Gesondheetsagence Modeller aus.

"Et gouf ee staarke Wëlle vun der schweedescher Regierung fir d'Schoulen an d'Crèchen net zouzemaachen. De Präis, dee mir dofir musse bezuelen, ass, datt et méi Infektiounen hei am Land gëtt, wéi a villen anere Länner. Et ginn nach ëmmer Länner wéi Groussbritannien, Italien, Spuenien, déi méi Infektiounen hunn, mee mir haten der och e puer. Wéi vill Leit immun géint de Virus sinn, dat steet elo hei zur Debatt. Zu Stockholm, déi Regioun, déi am schlëmmste betraff ass, rechent d'Regierung mat 30 Prozent Infektiounen. Mee déi nei Antikierper-Tester, déi elo gemaach ginn, tendéieren éischter zu 20 Prozent. Ech géif also soen et ass dertëschent, bei 25 Prozent. Ausserhalb vu Stockholm ass den Immunitéitstaux awer méi niddreg."

Et géif allerdéngs kee magesche Level gi bei deem de Virus op eemol géif ophale sech auszebreeden, erkläert den Tom Britton. Mee wat méi Leit immun sinn, wat d'Krankheet sech manner séier ausbreet, esou den Expert.

De Wee zeréck an d'Normalitéit

Datt den Taux vun den Infektiounen den Ament stabel wier, géif un engem Mix tëschent partieller Immunitéit, zesumme mat de preventive Mesurë leien. Well Schweden e manner strenge Lockdown hat, kéint d'Sortie aus der Kris méi einfach sinn.

"Eis Sortie wäert méi einfach ginn, wéi a villen anere Länner. Mee ech mengen net, datt iergendee Land elo wäert seng Sécherheetsmesuren alleguer op ee Coup lackeren. Dat geet Schrëtt fir Schrëtt. Soss kënnt eng zweet Well. Mee Schweden huet manner Schrëtt ze huele fir a Richtung Normalitéit ze kommen."

Vill Länner op der Welt sinn amgaang d'Restriktiounen ze lackeren. Déi schweedesch Coronavirus-Strategie kéint déi aner Länner inspiréieren, mengt den Tom Britten. A sengen Aen hätt Schweden allerdéngs e bësse méi streng kéinte sinn.

"Vläicht hätte mir d'Restauranten an d'Geschäfter e bësse méi zou kéinte maachen. Et ass schwéier eng Balance ze fannen. Wann een d'Ekonomie ze vill zoumécht, da geet de Chômage an d'Luucht. Wann een ze wéineg zoumécht, da ginn et méi Doudeger. Et ass eng schwéier Decisioun. Mee ech ënnerstëtze voll a ganz, datt d'Schoulen opbliwwe sinn. An ech mengen déi meescht Schweede maachen dat."

Kritik un der Approche

Méi kritesch waren eng 22 Dokteren, déi an engem engem oppene Bréif déi schweedesch Approche kritiséieren. D'Politiker missten intervenéieren, huet et geheescht. Dem Ulrika Björkstén no géif et awer eigentlech keng wierklech Debatt ginn.

"C'est un groupe très hétérogène de médecins et de chercheurs, ce n'est pas très juste de le décrire comme groupe d'experts. Il y en avait parmi eux, de virologue reconnu, mais ce n'est pas un groupe homogène d'experts. c'est un groupe de médecins et de chercheurs inquiets de la situation. C'est une critique très généralisée, ils voulaient un lockdown comme les autres pays en Europe. Je pense que cette discussion n'est plus très actuelle. Ils avait peur que les hôpitaux soient surmenés et aussi ils avaient peur d'un taux de mortalité élevé. Mais nos hôpitaux n'ont par été surmenés. C'était dur oui, mais ils ont réussi. Par contre le taux de mortalité était effectivement élevé. Donc dependant comment on voit la situation on peut dire que les critiques étaient justifiées ou pas. La conclusion maintenant des experts est surtout que le problème est moins la stratégie générale, mais qu'on n'a pas réussi de protéger les vieux ..."

Wéi Schweden d'Corona-Pandemie behandelt huet, wäert allerdéngs d'Siicht op d'Land änneren, dovunner ass d'Journalistin Amina Manzoor iwwerzeegt.

"D'Meenung vun de Leit iwwer Schweden huet sech geännert. Ech weess net wéi laang a wéi vill, mee dat hänkt dovunner of, wéi staark déi aner Länner elo an der zweeter Well, sollt et sou eng ginn, getraff ginn."

Mee wien am Endeffekt déi besser Strategie hat, wäert sech eréischt erausstellen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.