Australien "Déi schlëmmst Zoustänn, déi ech an aacht Joer gesinn hunn"

De Kampf géint d'Bëschbränn an Australie geet weider. Ënnerstëtzung kréien déi australesch Pompjeeën och vun Truppen aus Neuseeland, Kanada an den USA. Am Gespréich mam Rahel Könen erzielt den australesche Pompjee Tony Donges, datt d'Aarbecht nach laang net eriwwer ass.

Rahel Könen / cbi

Australien
D'Bëschbränn an Australien hu vill Déieren d'Liewe kascht. Foto: Sean Leathers

Den Tony Donges ass all Dag vu moies siwe bis owes eelef am Asaz, an hie geet dovunner aus, datt dat och esou wäert weidergoen. "Dat sinn aacht Stonne fir sech ze wäschen, ze schlofen, opzestoen, ze paken, an ze goen." Dat wier "absolut ermiddend", zielt de Pompjee, och wann ee Chance mam Reen gehat hätt.

16 Stonnen den Dag ass de 27 järege Pompjee Tony Donges un der Feierfront am Oste vun Australien am Asaz, virun allem am nërdleche Küstendeel vum Bundesstaat New South Wales. A sengen aacht Joren als Pompjee hätt hien nach ni sou Zoustänn wéi an dëser Saison gesinn:

"100 Deeg scho sinn ech un der Feierfront. 80 dovun sinn ech vun Doheem fort. An dëser Zäit hunn ech schrecklech Saache gesinn. Eleng an zwou Wochen hunn ech méi Haiser verbrenne gesinn, wéi an den aacht Jore virdrun an esou vill verbrannt a verletzt Déieren."

Kee war drop virbereet

Schonn zanter dräi Joer kämpft Australie mat enger akuter Drécheperiod. Duerch de Manktem u Ree géif dem Buedem u Fiichtegkeet feele fir d'Bëschbränn ze bremsen. De Pompjee erkläert, datt virun allem déi dréchen Onwieder a Blëtz den Ausléiser fir d'Bränn waren. D'Ressourcë wieren net duergaangen, fir Bëschbränn vuneneen ze halen.

Normalerweis wieren d'Bëschbränn an ofgeleeënen Deeler vun Australien. Do wier et méi einfach fir d'Feier ze kontrolléieren a fir Wunngebidder ze schützen. Mee d'Blëtzer wieren iwwerall ageschloen a sou hätt d'Feier och d'Wunnhaiser erreecht, ouni datt d'Leit drop virbereet gewiescht wieren.

Trotzdeem wier et schwéier gewiescht, fir Betraffener a Risikogebidder ze iwwerrieden, hiert Doheem ze verloossen, a sech net dem Feier ze stellen:

"Si mengen, si kéinten d'Feier iwwerstoen. Mee si wëssen net, wat op si duer kënnt. Wann den Damp sou déck ass, datt ee seng Hand net méi virun dem Gesiicht gesäit: dat ass, wann déi meescht leider verluer sinn. Et ass ee komplett desorientéiert. D'Feier ass sou staark, datt et de Sauerstoff aus der Loft zitt. Et kann een net méi ootmen. A wann d'Glous geschoss kënnt, fillt et sech un, wéi wann dausend Nolen een um ganze Kierper stiechen. An och de Kaméidi ass enorm."

D'Ausmooss vun de Bëschbränn war e Schock fir jiddwereen, sou den Tony Donges. Et géife sech ëmmer méi Leit de Gefore bewosst ginn, deene Pompjeeën zanter Joren ausgesat sinn:

"Mir schaffen um Rand vu Klippen a versiche Feier mat Helikopteren ze läschen. Et gëtt Waasser, dat aus der Loft fält a mir schaffe mat schwéierem Geschier. Et ass e sech bewosst, datt eppes ka schif goen a datt en net onstierflech ass. Mee et muss een awer seng Angscht am Grëff behalen a sech op d'Aarbecht konzentréieren."

Foto: Sean Leathers

An de leschte Kriseméint, hätt de 27 järege Pompjee awer och erlieft, wéi d'Leit sech entgéint kommen a versichen ze hëllefen. "Ech hunn eng Mënscheléift gesinn, wou ech mol net wousst, datt se méiglech wier", erzielt hien. D'Leit wieren op d'Strooss komm fir d'Pompjeeën oder déi aner Leit an den Aarm ze huelen. D'Leit hätte vill Respekt a Léift fir enee gehat.

Wéineg Ënnerstëtzung vun der Regierung

An awer wier d'Enttäuschung bei de Betraffenen héich. Zanter Méint gëtt dem australesche Premierminister Scott Morrisson virgehäit, datt hien net genuch op d'Kris reagéiere géif. Den Tony Donges erzielt, datt vill Betraffener sech vun der australescher Regierung am Stach gelooss spieren.

Vill Leit hätten alles verluer a géife keng richteg Ënnerstëtzung kréien, ausser verschidde Kompensatiounen. Dat hätt awer keng Bedeitung fir déi Leit, déi alles verluer hunn.

Foto: Sean Leathers

D'Krisesituatioun hätt vill Leit waakreg gerëselt: doriwwer, datt sech eis Liewensweis an eise Konsum verännere misst. Wa mir wéilten, datt d'Natur sech erëm kéint erhuelen, misste mer hir Zäit ginn an ophalen, se ze mëssbrauchen, sou nach den australesche Pompjee.

Viru ronn fënnef Méint hunn dës am Norde vum Bundesstaat New South Wales ugefaangen: Zanterdeem zitt d'Feier ëmmer weider erof an de Süde vum Land. Déi australesch Autoritéite ginn dovun aus, datt an de ronn zéng Milliounen Hektar Land, déi bis Dato ofgebrannt sinn, op d'mannst 25 Leit an eng Billioun Déieren ëm d'Liewe koumen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Rahel Könen
Lauschteren

Méi zum Thema

Steve Reiffer
Temoignage vun der Plaz

Zanter September d'lescht Joer ginn et an Australien hefteg Bëschbränn. D'Haaptstad Canberra kritt et ze spieren. D'Loftqualitéit ass wéinst dem Damp extrem schlecht. De Lëtzebuerger Steve Reiffer ass op der Plaz.

CGDIS Tornado Reunioun.jpg
Nom Tornado

D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf. Dat seet de Koordinator vum CGDIS. Gëschter wier de Gros vum CGDIS-dispositif nom Tornado ofgeriicht ginn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen