Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Déi reliéis Institutiounen an der Kris

Fräie Mikro

Déi reliéis Institutiounen an der Kris

D'Vertrauen an déi reliéis Institutiounen zu Lëtzebuerg hëlt weider of. Wéi eng rezent Etüd weist, kënnt de sekulären Trend vun der Gesellschaft ëmmer méi staark zum Virschäin. Den Tableau ass awer e bësse méi komplex wann een iwwer d'Zuelen erausgeet.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse, Journalist an Auteur (Foto: Archiv)

De STATEC huet viru kuerzem eng Etüd erausginn, déi sech op eng méi breet europäesch Enquête stäipt, déi 2020-21 duerchgefouert gouf. Déi stellt fest, datt de Säkulariséierungsprozess vun der Gesellschaft zu Lëtzebuerg rapid virugeet. An och wann een d'Resultater vu Sondagen a Barometer mat Virsiicht genéisse soll, sou weist déi lescht Enquête European Value Survey ganz kloer, datt déi reliéis Praxis an eisem Land staark zeréck geet. Wann 2008 3/4 vun deenen, déi befrot goufen, sech nach engem reliéise Kult ugeschloss haten, sou waren et der eng Dose Joer méi spéit just nach manner wéi d'Hallschent. A wann 2008 nach iwwert d'Hallschent sech als reliéis bezeechent huet, sou waren et der rezent just nach e gudden Drëttel. Vun enger Dageszeitung dorop hin ugeschwat, huet de Lëtzebuerger Weibëschof eng "wäitverbreet Glawenskris" agestanen.

Materialismus a wëssenschaftlech Fortschrëtter

Et muss ee fir d'éischt mol feststellen, dass dee Réckgang virun allem déi westlech demokratesch Länner trëfft, besonnesch an Europa. Wéi op verschidden anere Gebidder spigelt Europa net méi onbedéngt de weltwäiten Trend erëm. Eng zweet Feststellung ass, datt d'Chrëschten, a virun allem d'Katholicken, nach deen allergréissten Deel vun deenen ausmaachen, déi sech zu Lëtzebuerg als reliéis bezeechnen. D'kathoulesch Kierch ass deemno vum Réckgang zueleméisseg am stäerkste betraff, mä deen Trend mécht sech och an anere reliéise Gemeinschafte bemierkbar.

D'Etüd geet kaum op d'Ursaache vun där Evolutioun an. An déi si villfälteg. Sou huet sech an de liberal-demokratesche Gesellschaften an de leschte Joerzéngten de Materialismus mat voller Kraaft duerchgesat an d'spirituell Besoin-en zum Deel an den Hannergrond gedréckt. D'Konsumtempelen hu praktesch grad esou séier hir Unhänger ugezunn wéi d'Kierche méi eidel gi sinn. Och de Fortschrëtt vun der Wëssenschaft fuerdert d'Reliounen eraus a drängt si munchmol zu neien Interpretatiounen. Den Individualismus, dee sech oft op Käschte vun der Solidaritéit a vum Benevolat an der Gesellschaft duerchgesat huet, huet och seng Niewewierkungen op d'Zesummenhalen an de reliéise Gemeinschafte bruecht.

Vertrauen an d'reliéis Institutioune geet verluer

Mä och déi reliéis Institutiounen, déi fréier eng zentral Roll an der Gesellschaft gespillt hunn, sinn net ganz onschëlleg un deem Réckgang. Duerch Skandaler, wéi zum Beispill déi vill Mëssbrauchsfäll vu Geeschtlechen an der kathoulescher Kierch, hu si d'Vertraue vu ville Gleewege verspillt. Eng ganz Rei sinn esou aus der Kierch ausgetratt. De feelende Reformwëlle vun de Strukturen innerhalb vun de reliéise Gemeinschaften ass och eng Ursaach, firwat si un Afloss verluer hunn an ëmmer méi dacks aus der Defensiv eraus reagéieren. Intern Streidereien oder Richtungskämpf bei de verschiddene Konfessiounen hunn och dozou bäigedroen, datt vill Leit sech vun de representativen Institutiounen ofgewent hunn. An deem Sënn kann ee sech froen, op d'Glawenskris net enk mat der institutioneller Kris verbonnen ass. Am Laf vun de Joren ass d'Relioun ëmmer méi an d'Privatsphär gedrängt ginn. Déi spirituell Nofro an der Gesellschaft bleift awer bedeitend, si hëlt just aner Formen un. Dorop hunn déi allerwéinegst Vertrieder déi ugemoossen Äntwerte parat.