Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi lescht US-Zaldote hunn Afghanistan verlooss

Kabul

Déi lescht US-Zaldote hunn Afghanistan verlooss

Méi ewéi 24 Stonnen virum Stéchdatum war et eriwwer mat der amerikanescher a NATO-Militärpresenz am Afghanistan. 20 Joer Krich sinn offiziell eriwwer, e laange Krich dee mat enger hektescher, dramatescher an tragescher Evakuatiouns-Missioun op en Enn gaangen ass. Zu Kabul hunn d'Taliban an hir Supportere mat Freedefeier a Schëss gefeiert.

auto_stories

4 min

Lauschterenplay_arrow


Déi amerikanesch Zaldote sinn all eraus aus Kabul - virun e puer Deeg waren et der nach 5.000. An de Fligere sollt nach genuch Plaze si fir e puer honnert Leit, déi evakuéiert wollte ginn. An de leschten 12 Stonne virum Depart vun den US-Zaloten huet et awer kee méi op de Flughafe gepackt, seet de Pentagon.

Net jiddweree konnt evakuéiert ginn

D'USA soen, si an hir Alliéiert hätten am Ganzen 123.000 Leit evakuéiert, zanter datt d'Taliban virun eppes méi wéi zwou Wochen d'Muecht iwwerholl hunn. Dausenden afghanesch Staatsbierger, déi virun den Taliban flüchte wollten, konnten d'Land nach net verloossen.

Kee Land konnt all déi Leit, déi se evakuéiere wollten, aus der afghanescher Haaptstad eraushuelen, och Lëtzebuerg net. Dausende bleiwen am Afghanistan, dat elo vun den Taliban regéiert gëtt. Et gëtt awer Hoffnung, datt een Accord tëschent den Taliban an de Länner zu engem séchere Passage aus dem Afghanistan féiere kann, vläicht schonn an den nächsten Deeg.

Et gëtt gehofft, datt de Flughafe séier nees fir kommerziell Flich opgemaach ka ginn. Dat wier eng Méiglechkeet, mat de richtege Pabeieren d'Land ze verloossen.

Eng humanitär Katastroph deit sech un

Et gëtt gewarnt, datt et zu enger humanitärer Katastroph kéint kommen: d'UNO warnt virun enger nach méi schlëmmer Dréchent am Afghanistan. Zesumme mat der Angscht virun Terrorattacken, der Angscht virun den Taliban, an op d'mannst Zéngdausende vun Afghanen, déi d'Land wëlle verloossen: alles weist op eng humanitär Kris hin.

Déi Kris kéint mat enger Flüchtlingskris ufänken: Pakistan huet seng Grenzen zougemaach an huet houfreg proklaméiert, datt keen eenzegen Afghan e Flüchtlingsstatut krut. D'UNO fuerdert Pakistan op hir Positioun ze änneren, an der Erwaardung vun Dausende vu Leit, déi sech op der Grenz kéinte sammelen. Fir den Ament sinn Aenzeien um Terrain, wéi och déi pakistanesch Regierung d'Accord, datt et keng grouss Unzuel u Flüchtlinge gëtt.

D'Vereenten Natioune ginn hirersäits dovun aus, datt eng hallef Millioun Mënsche wäerte probéiere bis d'Enn vum Joer aus dem Afghanistan ze flüchten.

Treffe vun EU-Inneminister

Iwwert d'Opnam vu Flüchtlingen aus dem Afghanistan sollen de Mëtteg d'EU-Inneministeren an enger aussergewéinlecher Sëtzung beroden. Lëtzebuerg ass duerch den Aussen- an Immigratiounsminister Jean Asselborn vertrueden.

Am Virfeld vun där Sëtzung huet de Jean Asselborn an engem Interview mat der däitscher Zeitung Die Welt gefuerdert, d'EU misst bereet si fir 40.000 bis 50.000 sougenannte "Resettlement"-Plaze fir afghanesch Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen.

Kritik vum Jean Asselborn

De Jean Asselborn huet am Interview Kritik geäussert um éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz an dem slowenesche Premier Janez Janša. Éisträich huet rezent annoncéiert, keng Flüchtlingen aus Afghanistan méi wëllen opzehuelen.

De slowenesche Premier, deem säi Land den Ament d'EU Presidence huet, huet op Twitter geschriwwen, et sollt een nëmme Leit ophuelen, déi bei de NATO-Operatiounen am Afghanistan gehollef hunn.

De Jean Asselborn gëtt an der Welt mat den Aussoen zitéiert: de Sebastian Kurz an de Janez Janša géifen déi direkt mënschlech Solidaritéit ofleenen an domat d'Qualitéit verléieren, Europäer ze sinn. Si wieren an Aklang mat Leit ewéi Orbán, Salvini a Le Pen.