Europawahlen 2019 déi Lénk: Zil ass e Sëtz am EU-Parlament

déi Lénk weist sech prett fir no den Europawahlen e Vertrieder an dat Europäescht Parlament ze schécken. Dëse Vertrieder hätt d'Missioun fir géint déi multinational Konzerner ze kämpfen a fir d'Interesse vun de Leit, seet d'Co-Spriecherin a Kandidatin vun déi Lénk, d'Carole Thoma.

Serge Kesseler / cz

Carole Thoma
D'Carole Thoma ass Co-Spriecherin vun déi Lénk a Kandidatin bei de Wahle fir d'Europaparlament

Bis elo hat déi Lëtzebuerger Lénk nach ni e Sëtz am Europäesche Parlament. déi Lénk hätten awer "déi integraalsten Äntwert op d'Problematik". Et wier alles matenee verbonnen an déi Lénk géif och zu Lëtzebuerg déi vehementsten Oppositiounspolitik maachen, dat géif een elo och gär op europäeschem Plang maachen, sou d'Carole Thoma.

Grad wéi scho bei de Chamberwahle setzt déi Lénk an dëser Campagne erëm staark op d'Thema Ekologie. Hir Partei wier déi eenzeg, déi d'Verbindung tëschent Steiergerechtegkeet, Demokratie, Sozialem a Klimafroe géif maachen, huet d'Carole Thoma erkläert. déi Lénk wier a Konkurrenz mat deene Gréngen, mee hir Partei hätt méi Äntwerten op dës Froen, esou déi lénk Kandidatin.

Si ass der Meenung, datt déi Lénk déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg wier, déi d'Verbindung tëschent de verschiddene Problemer, wéi Steiergerechtegkeet, Demokratie, sozialen a Klimafroe géif gesinn. "Dowéinst gesinn ech eis vläicht a Konkurrenz mat deene Gréngen, mee ech mengen, datt mir méi Äntwerten op dës Froen hunn."

Bei den Europawahlen 2014 hat déi Lénk 5,76 Prozent vun de Stëmme kritt.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Walen
Europawahlen

Well d'Europawahlen dëst Joer an d'Päischtvakanz falen, gouf et vereenzelt Problemer fir d'Wahlbüroen ze besetzen. Esou zum Beispill zu Ettelbréck, seet de Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf.

Sophie in ‘t Veld
Europawahlen 2019

D'EU-Kommissioun muss méi kleng, méi demokratesch legitiméiert a méi onofhängeg vun de Memberstaate ginn. Dat fuerdert déi liberal hollännesch Europadeputéiert Sophie in 't Veld.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen