Den Onlinemedium hat gemellt, datt de Conseiller Lucien Lux fir de Promoteur Flavio Becca schafft an deem en Avis vum Staatsrot geschéckt hat, éier en ëffentlech gemaach gouf.
"Eklatanten Interessekonflikt"
déi Lénk fuerderen dofir d'Demissioun vum Lucien Lux. De Parquet misst ageschalt ginn, esou de Marc Baum, deen den 8. Oktober fir déi Lénk am Süde kandidéiert. Hie schwätzt vun engem "eklatanten Interessekonflikt".
"Ech mengen de Parquet misst wierklech enquêtéieren ob dat doten net oppe Korruptioun ass, wann een 300.000 Euro vun engem Client kritt an et gëtt een deem enge Client een Avis virun der Zäit weider."
Et wier keng Aflossnam ginn
De Lucien Lux wëll keen Interview ginn, sot eis awer et wier onglécklech, datt hien den Avis verschéckt huet. Et wier keng Aflossnam ginn, well den Avis wier scho vun enger Majoritéit vu Conseilleren ugeholl gewiescht, wéi hien e verschéckt huet.
An an der Kommissioun hätt hie selwer eng aner Positioun vertrueden, wéi d'Dokteren, déi mam Flavio Becca e Projet hätte fir eng méi staark Liberaliséierung vun der Medezin. De Mars Di Bartolomeo, sozialistesche President vun der Institutiounekommissioun an der Chamber, sot eis, hien hätt an dëser Affär vollt Vertrauen an de Staatsrot fir d'Saach ze klären.
Eng Reform vum Staatsrot?
déi Lénk haten an der Debatt iwwer d'Verfassungsreform scho proposéiert, datt de Staatsrot sollt reforméiert ginn. Ouni Erfolleg, obwuel och am Regierungsprogramm vu blo-rout-gréng weider Upassunge vum Conseil d'État envisagéiert waren. Fir de Marc Baum muss de Staatsrot direkt vun der Chamber gewielt sinn.
"D'Zesummesetzung soll sou ausgesinn, datt d' Hallschent vun de Leit vun de Parteien an der Chamber kommen an déi och kënnen nominéieren. Déi aner Hallschent, dat ass eis ganz wichteg, solle Memberen aus der Zivilgesellschaft sinn."
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo weist sech oppe fir eng Diskussioun iwwert eng Reform vum Staatsrot. Wann all d'Conseilleren an Zukunft sollte vun der Chamber genannt ginn, an net och nach vum Grand-Duc oder dem Staatsrot selwer, da wier dat näischt, wougéint hie sech géif wieren, esou de Kandidat vun der LSAP am Walbezierk Süden.