De Co-Spriecher vun déi Lénk ass der Meenung, datt de Couvre-feu arbirträr wier:
"Et gëtt keng Erklärung firwat dee Couvre-feu d'Infektiouns-Geschéie géif limitéieren. Et huet nach keen engem erkläert, firwat dee gutt ass. Et gëtt keng Studie déi beweist, datt dat iergend en Afloss huet. Et ginn am Géigendeel Studien a Frankräich, déi weisen, datt et keen Afloss huet. Ech mengen, all Mesure muss adaptéiert sinn, proportionéiert sinn, well dat sinn alles aussergewéinlech Mesuren."
Vill méi grav wéi no 23 Auer ënnerwee ze sinn ass dem Gary Diderich no, datt d'Presidence sech fréizäiteg impfe gelooss huet, obwuel et net hiren Tour war. Dofir wiere Sanktiounen néideg.
"Wann ee mierkt, dass d'Leit sech do net selwer kontrolléiert kréien a sech hirer Verantwortung net bewosst sinn, da muss ee mat Sanktioune virgoen."
Finanze vun de Spideeler kontrolléieren
Déi Lénk fuerderen, datt d'Hôpitaux Schuman an de CHEM an Établissements publics ëmgewandelt ginn. Nëmmen da wier eng Kontroll vun de Finanzen duerch d'Cour des Comptes méiglech, seet de Gary Diedierch. Esou eng Kontroll wier noutwenneg, well d'Spideeler zum gréissten Deel iwwer d'CNS an de Staatsbudget mat ëffentleche Sue finanzéiert ginn.
Och d'Zesummesetzung vun de Verwaltungsréit vun deene véier Spidolsgruppe misst kritesch hannerfrot ginn, sou de Gary Diderich. Déi Lénk hunn an der Suite vun de Revelatioune ronderëm d'Hôpitaux Schuman eng Aktualitéitsstonn an der Chamber iwwer d'Gouvernance vun de Spideeler ugefrot.