Positioun zur Impfflicht Déi Lénk am Moment net fir eng Impfflicht

Déi Lénk wëllen am Moment nach net mat op de Wee vun enger Impfflicht goen. D'Deputéiert Nathalie Oberweis seet, hir Partei géif déi obligatoresch Impfung zwar net prinzipiell fir ëmmer ausschléissen. Mee Stand elo géifen et nach Inconnuen an onbeäntwert Froe ginn. Déi Lénk mengen, datt ee mat enger méi pro-aktiver Approche nach vill iwwer d'Impfcampagne kéint beweegen. Andeems een zum Beispill geziilt op Leit duergeet, déi a prekäre Verhältnisser liewen.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Nathalie Oberweis

Zënter der leschter Woch géif een nämlech wëssen, datt den Impftaux bei de sozio-ekonomesch schwaachste Leit am niddregste wier.

"Dat sinn déi Leit, déi am prekärste liewen, déi am meeschten isoléiert sinn an eiser Gesellschaft, déi am mannsten deelhuelen un eisem kulturellen, politeschen, intellektuelle Liewen, déi net de Kloertext lauschteren oder ären Invité vum Dag. Wann een dat weess, da kann ee wierklech op déi Leit agoen, an de Quartier goen, vläicht Porte-à-porte maachen."

Fir d'Deputéiert vun déi Lénk schwätzt awer näischt dogéint, elo schonn e Gesetz iwwer eng Impfflicht virzebereeden, fir et - wann néideg - ganz séier kënnen a Kraaft trieden ze loossen.

Impfflicht als allerlescht Mëttel

D'Impfflicht soll awer déi lescht Kaart sinn, déi ee spillt, soen déi Lénk. Hir Deputéiert Nathalie Oberweis mengt awer, et hätt een am Moment nach anerer am Grapp, zum Beispill d'Impfcampagne. Mat enger méi pro-aktiver Approche wier do nach vill ze erreechen. Well am Endeffekt géif et bei der aktueller Diskussioun jo virun allem ëm d'Fro goen, wéi een den Impf-Taux an d'Luucht gesat kritt.

D'Impfflicht gëtt fir déi Lénk noutwenneg, wann zum Beispill bis den nächsten Hierscht net genuch Leit geimpft wieren a wa beispillsweis eng méi déidlech Variant géif optauchen, sou d'Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Ëffentlech Chamberdebat
Coronavirus

D'Regierung huet nach keng offiziell Positioun iwwer eng méiglech Corona- D'LSAP wiert sech nach géint eng limitéiert Impfflicht, DP an déi gréng sinn awer bereet op de Wee ze goen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen