Radioen

On air

Notturno  |  Anna Butterss - Doo Wop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Déi Konservativ kenneléieren"

Europawahlen 2019

"Déi Konservativ kenneléieren"

De Wahlprogramm fir d'Europawahle vun Déi Konservativ gëtt eréischt an den nächsten Deeg verëffentlecht. De Spëtzekandidat Joe Thein huet op de Programm vun Déi Konservativ fir d'Chamberwahlen zejoert verwisen: do stéingen och Detailer iwwer d'Europapolitik dran.

auto_stories

3 min

An dësem Wahlprogramm ass ënner anerem d'Fuerderung fir de Schengenraum ze reforméieren an nees punktuell Grenzkontrollen anzeféieren. Weider misst an der Eurozon gekuckt ginn, datt d'Länner d'Krittäre vun der Staatsverschëldung respektéieren.

Griichenland soll aus der Eurozon

Verschidde Länner wiere mëttlerweil an eng "Scholdespiral" geroden. Griichenland hätt eng Staatsverscholdung, déi méi héich wéi 60 Prozent vum Bruttoinlandprodukt wier. "Italien ass net besser drun an aner Länner och", esou d'Analys vum Spëtzekandidat vun Déi Konservativ.

Ee Grond heivir wier, datt et an dëse Länner eng korrupt Politik géif ginn, "wou d'Grondlage vun der Europäescher Unioun net respektéiert ginn", esou de Joe Thein. An hirem europäesche Manifest fuerderen Déi Konservativ, datt Griichenland d'Eurozon virleefeg soll verloossen an d'Drachmen nees aféiere sollt. "Da muss gekuckt ginn, iwwer all déi Reformen, déi an deem Kontext vun de Finanzen ze maache sinn, a wéiwäit et méiglech ass fir Griicheland erëm nees zeréck an d'Eurozon ze kommen."

"Och dat ass de Wielerwëllen"

D'Zil vun Déi Konservativ ass et méi Stëmmen ze kréie wéi bei de Chamberwahlen. Landeswäit koumen Déi Konservativ am Oktober 2018 op 0,27 Prozent vun de Stëmmen. De Joe Thein erkläert d'Wahlresultat vun 2018, well d'Partei just mat enger Lëscht am Süden ugetruede war. "Dat sinn awer och ronn zéngdausend Stëmme gewiescht an dat ass och den Ausdrock vun engem Wielerwëllen", esou de Joe Thein.

D'Zil bei den Europawahle wier et fir "nach ee bessert Resultat ze maachen". Esou géif d'Partei och bestätegt kréien, datt si déi richteg Politik géif maachen. Bei dëse Wahle geet et dem Joe Thein dorëms, ee politesche Message ze schécken, datt "d'Leit eng Kéier d'Iddi vun de Konservative kenneléieren".

Ee Kandidat huet d'Partei ewell verlooss

Bei den Europawahlen trieden Déi Konservativ mat sechs Kandidaten a mam Slogan "D'éischt Lëtzebuerg, dann Europa" un. Ee vun de Kandidaten, de Mario May, huet mëttlerweil d'Partei verlooss. Hien huet iwwer d'sozial Netzer gesot, datt d'Leit hie net solle wielen.

Dozou sot de Joe Thein, Spëtzekandidat vun Déi Konservativ fir d'Europawahlen, datt Déi Konservativ sech mat engem Averständnis mam Mario May getrennt hätten, "well mir der Meenung sinn, datt et do näischt méi gëtt fir ze streiden." Reesender sollt een net ophalen, fënnt de Joe Thein. Et wier dem Mario May säi gutt Recht d'Partei ze verloossen.

"An och wann hie Vizepresident ass, mir sinn all als Politiker ersetzbar. Do muss den Här May mat sengem Gewësse vereinbaren, ob dat dee richtege Schratt vis-à-vis vun de Wieler an der Partei war, fir sech op eng Lëscht opzesetzen an herno näischt méi dovunner wëssen ze wëllen."