Den André Galhaut ass e kranke Mann, de Kriibs huet seng zwou Niere futti gemaach, hien huet scho Metastasen op anere Plazen am Kierper gehat. Deen haut 58 Joer ale Mann huet déi lescht fënnef Joer vill matgemaach, an datt hien dat alles zënter 2013 matmécht, kéint ee bal als eng "self-fulfilling prophecy" bezeechnen.
Den André Galhaut huet vun 1990 bis 2015 an der rue de Messancy zu Éibeng gewunnt, ënner där faméiser Héichspannungsleitung. Wéi hie säin Haus do gebaut huet, war d'Leitung schonn do, an et ass och Stroum iwwer ee Strang zirkuléiert. Wéi dunn Enn den 90er Joren deen zweete Strang sollt Realitéit ginn, huet den André Galhaut ugefaange sech Froen ze stellen, ob déi da méi staark elektromagnéitesch Stralen sech net awer vläicht negativ op d'Gesondheet vun de Leit kéint auswierken, déi deene Stralen dauerhaft ausgesat sinn.
Hie kéint net zu 100 Prozent soen, datt seng Krankheet mat der Héichspannungsleitung zesummenhänkt, seet den André Galhaut. Seng Dokteren hätten awer e Verdacht, datt déi zwou Saachen zesummenhänken. E Verdacht, deen natierlech duerch iwwerduerchschnëttlech vill aner Kriibsfäll an der Noperschaft verstäerkt gouf.
Autorisatioun annuléiert
Laang ier hie krank gouf, nämlech schonn an de spéiden 90er Joren, huet den André Galhaut zesumme mat aneren eng Associatioun gegrënnt, déi sech dofir asetzt, datt d'Maste méi wäit vun den Haiser ewech geréckelt ginn, oder datt d'Leitung carrement ënnerierdesch verluecht gëtt.
2008 huet déi Associatioun CADES (Commission d'action pour le droit à un environnement sain) gemengt, hirem Zil e grousse Schrëtt méi no komm ze sinn. De belsche Conseil d'État - déi lescht Instanz an administrative Litigen - huet de Permis d'urbanisme, also d'Autorisatioun fir deen zweete Strang nämlech annuléiert.
Verstees-de-mech fir d'Awunner
2010 huet de belschen Netzbedreiwer Elia eng Demande gestallt, fir dës Héichspannungsleitung ze regulariséieren, seet de Julien Madani. D'Regioun vun der Wallonie huet dësen Dossier ugeholl, an d'Gemengen Éibeng a Miezeg (Messancy) hunn eng Enquête lancéiert. Zënterhier wier allerdéngs keng offiziell Decisioun vun der Regioun geholl ginn. Elia wier sech dëser problematescher Situatioun bewosst a géif och d'Froe vun de Bewunner verstoen. Et géif een och verstoen, datt d'Gemengen eng Regulariséierung fuerderen.
D'Verstees-de-mech ass natierlech awer net esou wäit gaangen, datt Elia vum selwe mat der Exploitatioun vun der Ligne opgehalen hätt. Natierlech net. Dozou hätt d'Gesellschaft scho musse vun enger vun de successive wallounesche Regierunge gezwonge ginn.
Näischt geschitt
Besonnesch grouss waren d'Hoffnunge vun alle Géigner vun där Éibenger Leitung, wéi mam Philippe Henry e grénge Minister fir Ëmwelt a Landesplanung an der Wallonie gouf. Mee och a senger Zäit, tëscht 2009 an 2014, ass näischt geschitt. Et hätt ee probéiert eng Iwwergangsléisung ze fannen, déi engem et géif erlaben, de Reseau weider ze operéieren a gläichzäiteg d'Suerge vun de Bewunner eescht huelen, esou de grénge Politiker. Et wier e komplexen Dossier, an et hätt een näischt a sengem Mandat erreecht, seet de Philippe Henry.
"Skandaléis"
Interessant un der Ausso vum fréieren Ëmweltminister: deen zweeten, illegale Strang ofzeschalten, schéngt ni eng Optioun gewiescht ze sinn. Dat fënnt de Philippe Courard skandaléis an engem Rechtsstaat. Wann en normale Bierger géif eng Demande maache fir en Haus an déi géif refuséiert ginn, dann dierft en dat net bauen. Bei enger grousser Stroumfirma wier dat anescht.
Dem sozialisteschen Deputéierten aus der Wallonie ass et ze verdanken, datt d'Thema elo erëm op d'Tapéit koum, an datt nees Beweegung an den Dossier schéngt ze kommen. Hien huet dem aktuelle Minister Carlo Di Antonio viru kuerzem dëse klore Message mat op de Wee ginn: Et misst een eng Léisung zesumme mat de Bierger fannen, an zemools mat de Gemengen, déi eng Autorisatioun missten ausstellen. Eng Léisung, fir datt d'Leitung weiderhi kéint operéieren. Dëst dierft allerdéngs net zum Leed vun de Bierger geschéien a misst e legale Kader hunn.
Net opginn
Ee Mount wëllt de Philippe Courard dem Minister nach Zäit ginn. Wann dann näischt geschitt ass, géif en noschéissen, seet en.
Iwwregens geet et him net just ëm d'Legalitéit, mee och ëm dee gesondheetlechen Aspekt, déi erschreckend héich Zuel vu Kriibsfäll bei Leit, déi direkt ënner der Leitung gelieft hunn. D'Associatioun CADES, mat un hirer Spëtzt dem President André Galhaut, huet also en neien Alliéierten an hirer Lutte, déi se och selwer net wëlles huet opzeginn. Den André Galhaut seet, hie wier een Zeien, deen nach um Liewe wier. Aner Awunner wiere schonn u Kriibs gestuerwen an do géif vill fort gekuckt ginn. Hie selwer géif awer net opginn.