Chambre des salariés "Déi gutt Aarbecht vun der CSL weiderféieren"

Nächsten Donneschdeg ass an der Chambre des salariés d'Constituante, da kommen déi Gewielten eng éischte Kéier no de Sozialwahlen zesummen. Den OGBL huet trotz Verloschter nach ëmmer déi absolut Majoritéit an der Aarbechterkammer. De 6. Juni gëtt de Büro gewielt. Dee soll dann de Successeur vum Jean-Claude Reding als CSL-President wielen.

Carole Schimmer / cbi

Nora Back
D'Nora Back ass bis elo déi eenzeg Kandidatin fir de Poste vum CSL-President. Foto: Archiv

D'Nora Back, Generalsekretärin vum OGBL confirméiert, datt si déi eenzeg Kandidatin ass:

"Ech hat direkt no dem Wahlresultat bei de Sozialwahlen annoncéiert, datt ech meng Kandidatur fir d'Presidence vun der Chambre des salariés wäert stellen. Ech bleiwen do derbäi. De 6. Juni gëtt doriwwer decidéiert a bis elo läit keng aner Kandidatur vir. Sécher ass et eréischt deen Dag selwer vun der Constituante. Bis op Weideres sinn ech Kandidatin fir d'Wahl vun der Chambre des salariés."

Wéi eng Prioritéiten hutt Dir Iech gesat fir d'CSL-Presidence?

Mir sinn elo aktiv fir um Programm fir déi nächste Joren ze schaffen. Prioritär versichen ech elo eng Kontinuitéit ze liwwere fir déi gutt Aarbecht, déi d'Chambre des salariés déi leschte Joren och geliwwert huet. Dat heescht weiderschaffen op der Formatioun, op der Weiderbildung an der initialer Ausbildung. Do hu mir an der Chambre des salariés ee Superangebot a fir dat oprecht ze halen a vläicht esouguer nach ze erweideren an ze intensivéieren.

Gläichzäiteg versichen ech awer och dat bäizebehalen, wat d'Chambre des salariés wierklech gutt gemaach huet iwwer déi leschte Joren. Dat heescht déi ganz Konferenzzyklen zu deene wichtegen Themen, déi d'Aarbechtswelt betreffen an d'Famillen hei zu Lëtzebuerg. Ech denke mir wäerten, politesch gesinn, de Schwéierpunkt leeën op d'Ëmweltpolitik, d'Transition ecologique ëmmer am Sënn vum Mënsch mam Sozialen am Mëttelpunkt.

Mir wäerten och verschäerft op der Digitaliséierung vun der Aarbechtswelt schaffen, wat jo och am Trend vun der Zäit läit. Natierlech wäerte mir och weider op de Fraen-Männer Gläichheetsfroe schaffen. Ech mengen, dat läit op der Hand, wann ech un der Spëtzt vun der Chambre des salariés sollt sinn, datt dat mir um Häerz läit, an datt dat wichteg ass, datt mir do weider dru schaffen. Da gëtt et eng ganz Rei aner Sujeten, bei de Froe vun der Sécurité sociale a vum Aarbechtsrecht wäerte mir an der Chambre des salariés aktiv weiderschaffen.


De ganzen Interview mat der Nora Back:

Lauschteren

Méi zum Thema

Wahlen
Sozialwahlen 2019

Den OGBL behält mat 35 vu 60 Sëtz déi absolut Majoritéit an der Salariatskammer, huet awer dräi Sëtz un den LCGB verluer. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo 18 Sëtz an der Chambre des Salariés.

Manifestatioun-OGBL-LCGB
Sozialwahlen

Bei de Sozialwahle ginn et bis elo Resultater fir 1.985 Betriber - bësse méi wéi d'Hallschent. Um nationale Plang krut den OGBL bis elo 1.260 Personaldelegéierter. Den LCGB kënnt bis elo op 691 Delegéierter.

Adrien Thomas
Sozialwahlen 2019

Kréien d'Gewerkschaften nees méi Afloss an de Betriber? Oder confirméiert sech den Trend vun 2013, wéi eng éischte Kéier méi wéi d'Hallschent vun den Delegéierten net op Gewerkschaftslëschte kandidéiert haten.

Jean-Claude Reding
Sozialwahlen 2019

No zéng Joer un der Spëtzt vun der CSL wëllt de Jean-Claude Reding net méi als CSL-President kandidéieren. Als Successeur kann hie sech den OGBL-President André Roeltgen gutt virstellen.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen