Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi grouss Plënneraktioun

Nationalbibliothéik

Déi grouss Plënneraktioun

D'Nationalbibliothéik plënnert an hiert neit Gebai um Kierchbierg. Enn September soll et fir de Public opgoen. Bis dohi mussen nach vill Bicher an Dokumenter aus der Stad, a vun anere Sitten, op de Kierchbierg geplënnert ginn. Fir déi Responsabel ass dat eng grouss organisatoresch Erausfuerderung. De Pierre Reyland war ee Moie laang bei der Plënneraktioun vun der Nationalbibliothéik dobäi.

auto_stories

4 min

Am ale Gebai vun der Nationalbibliothéik an der Stad gi voll geluede Bicherregaler hin an hier gerullt. Zanter dem 1. Abrëll ginn 1,8 Millioune Bicher, Manuskripter an Dokumenter op de Kierchbierg bruecht. Fënnef verschidde Firme goufen ugestallt fir dat ze maachen, esou d'Christine Kremer, Responsabel fir Kommunikatioun bei der BnL. Obwuel d'Plënneraktioun bis den August géif daueren, géif dat historescht Gebai nieft der Kathedral opbleiwen. D'Leit kéinte weiderhin hir Prete maachen an hir Bicher zeréckbréngen, de Guichet vum Prêt wier awer net konstant op, mee am Service réduit.

46 Joer laang war am Gebai vum ale Kolléisch nieft der Kathedral den Haaptsëtz vun der Nationalbibliothéik. D'Bicher an aner Dokumenter waren awer op siwe verschiddene Sitte gelagert. Datt se elo all zesummen an ee Gebai kommen, huet evident Virdeeler, dorënner, datt déi méi al a wäertvoll Bicher a Manuskripter vum Fonds Ancien - alles wat virun 1900 publizéiert gouf - an hirer neier Heemecht besser a méi sécher gelagert kënne sinn.

Baussen am Haff gëtt e Camion geluede fir de nächsten Trajet op de Kierchbierg. D'Regaler si ganz präzis nummeréiert. D'Logistik an d'Kalkulatioun am Virfeld vun der Plënneraktioun wier "e Phenomen", seet een Aarbechter, dee grad e Chariot Bicher an de Camion fiert.

Plënnerleit fuere Chariote Bicher an de Camion

De Camion ass gelueden. A mir fuere mat bis op de Kierchbierg.

Dat neit Gebai vun der Nationalbibliothéik an der Avenue John Kennedy ass impressionnant. Den Tram hält virun den Dier. D'Nationalbibliothéik krut en Arrêt mat hirem Numm. Mee de Chantier vum Gebai ass nach net fäerdeg, wat d'Plënneren net méi einfach mécht, seet d'Clara Wictor, Coordinatrice vun der Plënneraktioun.

19 Leit, dorënner zwielef Externer, deele sech am neie Gebai d'Aarbecht op, fir datt d'Bicher op déi richteg Plaze kommen. Déi éischt a vläicht wichtegst Statioun ass de Centre de Triage. "Déi éischt Statioun filtert aus de Magasinnsfongen, déi schéin der Rei no erakommen, déi Bicher eraus, déi an de Liessall kommen. Well mir hu virdrun e Liessall gehat vu knapp 20.000 Stéck, a mir verzéngfachen déi Quantitéit."

Déi al Nationalbibliothéik gëtt ausgeraumt

Am Liessall an der neier Nationalbibliothéik sinn also ronn 200.000 Bicher direkt disponibel. De Rescht kënnt an deen neien ultra-modernen a securiséierte Magasinn - den Espace, wou d'Bicher stockéiert ginn, sou d'Christine Kremer.

Mir spadséieren duerch dat neit Gebai. Vill Regaler sinn nach eidel, iwwerall gëtt nach geschafft. Mee et fillt ee sech elo scho wuel an deem vun Experten an Architekten ausgeklügelte Gebai. Als Lieser kënnt een an d'Gebai eran an huet direkt eng Vue op all d'Stäck. "Dat heescht, Dir sidd net wierklech erschloe vun de Etagèren, Dir wësst direkt, Ok, hei sinn dräi Stäck, ech weess ongeféier, wéi ech mech muss beweegen an der Bibliothéik. An dat ass e grousse Virdeel", seet d'Christine Kremer. Déi nei Nationalbibliothéik bitt dem Publikum och eng ganz Partie nei Espacen un, fir Konferenzen, Workshoppen, e Musekssall, eng Terrass an eng Kantin.

Déi nei Nationalbibliothéik erstreckt sech iwwer dräi Stäck

Fir d'Gesellschaft wier eng Nationalbibliothéik e groussen Atout, seet nach d'Christine Kremer, an dat och, a vläicht besonnesch, am digitalen Zäitalter, wou en "Information Overload" géif bestoen, esou d'Christine Kremer. An der Bibliothéik géif een net einfach eng Mass un Informatiounen dohi geheit kréien, mee et géif een eng Hëllef un d'Hand kréie fir d'Informatiounen ze triéieren. Dat hätt een um Internet net, sou d'Christine Kremer. [Am Internet] ass keen do, deen Iech seet, hei, dat do ass Fake News, an dat do ass richteg News. An hei hutt Dir awer Leit, déi dat kënnen, an deenen een och vertraue kann." Dowéinst wier et nach ëmmer wichteg eng Bibliothéik ze consultéieren a sech weider ze informéieren.