Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Horton Hears A Who

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gréng wëllen Transitioune weider féieren

Neijooschpatt

Déi gréng wëllen Transitioune weider féieren

Um Neijooschpatt vun déi gréng e Méindeg den Owend an der Rockhal gouf op Picke géint de politesche Géigner verzicht. Vill méi huet een déi eege Leeschtungen aus deene leschte fënnef Joren ervirgehuewen.

auto_stories

2 min

D'Co-Parteipresidente vun déi gréng: D'Djuna Bernard an de Meris Sehovic. Foto: déi gréng

Lauschterenplay_arrow


An de Riede goufen déi eege Leeschtungen aus deene leschte fënnef Joer ervirgehuewen, sief et am Ëmwelt- an Energieberäich, an der Mobilitéit, an der Justiz oder bei der Police.

Et hätt een dobäi och Dossieren ugepaakt, déi zanter Joerzéngten schleefe gelooss gi wieren, esou de Co-Parteipresident Meris Sehovic:

"Mat eisem Politikstil, onopgereegt, transparent, onpoleemesch, interesséiert un der Saach. Mat enger Politik, déi Resultater viru Parole stellt. Mat enger Politik, déi Fakten iwwer Ideologie stellt. Mat enger Politik, déi d'Allgemengwuel virun Partikularintresse stellt."

An zentrale Verantwortunsgberäicher géif een all Dag dofir schaffen, datt eis fräi Gesellschaft géif geschützt ginn.

Grouss Erausfuerderungen am Superwaljoer

Mam duebele Waljoer stéing déi gréng Partei viru groussen Erausfuerderungen. Déi Transitiounen a Saache Mobilitéit an Energieversuergung, déi elo ugestouss gi wieren an zum Deel nach net ofgeschloss sinn, wieren eng vun den Haaptaufgabe fir seng Partei, esou nach de Meris Sehovic:

"Et geet drëm, ob dës Transitioun weider gefouert gëtt. A mir gréng, mir sinn déi eenzeg [...] déi garantéiere kënnen, datt all déi positiv Changementer, déi mir elo ugekierpt hunn, datt se bis zum Schluss viru gedriwwe ginn."

D'lescht Joer wier eent vu Multikrise gewiescht, an hätt och gewisen, datt een a verschiddenen Dossieren op eemol ganz séier kéint viru kommen, wann ee géif zesumme stoen, esou nach de Co-Parteipresident vun déi gréng.