Radioen

On air

Notturno  |  The Lemon Twigs - Corner Of My Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déi gréng: "Mir kënne Wale gewannen"

Chamberwalen 2023

Déi gréng: "Mir kënne Wale gewannen"

Déi gréng gi mam Zil an d'Chamberwalen, hiert staarkt Resultat vun 2018 ze widderhuelen: déi Ambitioun huet d'Spëtzekandidatin Sam Tanson der Partei de Samschdeg Moie mat op de Wee ginn. An enger Grondsaz-Ried um Kongress, op deem de Walprogramm wäert ugeholl ginn, huet si de Parteimembere Courage gemaach.

auto_stories

3 min

Wéinst dem enttäuschenden Ofschneide bei de Gemengewalen dierften déi gréng op kee Fall hir Grondiwwerzeegungen a Fro stellen. De Bilan vun de grénge Ministere wier iwwerzeegend; an eng gréng Regierungsbedeelegung wier och an Zukunft néideg, fir d'Land duerch déi noutwenneg Phas vun Transitioun ze féieren. D'Kandidate-Lëschte ginn am Laf vun den nächsten aacht Deeg virgestallt.

D'Käerwäerter net a Fro stellen

De Kongress vun der Grénger Partei war no ronn zwou Stonnen eriwwer. Eng Stonn Ried vun der Spëtzekandidatin, eng hallef Stonn Diskussioun iwwer de Walprogramm (just iwwer d'Amendementer), duerno en eestëmmege Vott fir dee Programm, eng kuerz Ried nach vun de Parteipresidenten Djuna Bernard a Meris Sehovic.

D'Stëmmung war no de Resultater vun de Gemengewalen net déi allerbescht an dofir goung et der Spëtzekandidatin Sam Tanson och virop emol drëm, hir Truppen opzebauen an ze motivéiere fir dat wat elo kënnt. A si huet dat gemaach op eng ganz offensiv Aart a Weis:

"Mir kënne Wale gewannen! Dir wësst dat, mir wëssen dat alleguer. An onst erkläerten Zil ass, dass mer bei de Walen am Oktober dat ganz gutt Resultat vun 2018 widderhuelen."

Op kee Fall dierften déi gréng elo hir Käerwäerter an Iwwerzeegungen a Fro stellen, mee si misste sech weider dofir asetzen, mat de Leit driwwer schwätzen, erklären. Dat wier vläicht net genuch gemaach ginn, an der Lescht, a kéint eng Erklärung fir den aktuellen Negativ-Trend sinn.

Spëtzte géint d'CSV

D'Partei krut awer net verstoppt, datt se getraff ass, datt se sech e bëssen ongerecht vum Wieler behandelt an hir Leeschtungen nët genuch unerkannt fillt. Wärend eng knapper hallwer Stonn huet d'Sam Tanson de Samschdeg de Moien an hirer Ried déi verschidde gréng Ressorten an der Regierung duerchgeholl, se huet opgezielt wat alles wou gemaach ginn ass, wat déi gréng hikritt hunn ... wou d'CSV virdru joerzéngtelaang versot hätt.

Iwwer d'Koalitiounspartner DP an LSAP huet d'Sam Transon kaum ee béist Wuert verluer a si sech virun allem op déi gréng Partei konzentréiert. An et läit et jo och net onbedéngt an hirem Temperament esou richteg ugrëffeg ze ginn.

Green New Deal fir Lëtzebuerg an eng Steierreform

Zentrale Punkt vun der Walcampagne vun deene Gréngen ass e green new deal fir Lëtzebuerg, do fält jo villes drënner: energeetesch Transitioun an eng raisonnabel wirtschaftlech Entwécklung. Dann eng Steierreform, déi d'Gesellschaft méi gerecht maache soll, doduerch datt staark Schëlleren de schwaache Schëlleren hëllefen.

Am Kloertext: méi eng héich Besteierung vu Kapital a Verméige fir Erliichterunge bei klengen a mëttleren Akommes géigefinanzéieren ze kënnen. Keng generell Aarbechtszäitverkierzung vun uewen erof diktéiert, mee Ënnerstëtzung a Sympathie fir Modeller vu manner Schaffstonnen an eenzele Betriber oder Secteuren. E besseren Equiliber tëscht Famill a Beruff. An: eng Offensiv fir d'Bekämpfung vun der Kanneraarmut: dat war e Punkt op deen d'Sam Tanson an hirer Ried ganz staark insistéiert huet.