Radioen

On air

De Moien  |  Arlo Parks - Weightless

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: En Nationalkongress ouni Mësstoun

Nationalpolitik

déi gréng: En Nationalkongress ouni Mësstoun

Anescht wéi bei der CSV, si bei déi gréng um Nationalkongress haut keng Personal-Entscheedunge gefall. Kritesch Téin zum Accord, dee sech an der Tripartite dës Woch ofgezeechent huet, gouf et och keng.

auto_stories

2 min

De Kongress vun déi gréng zu Jonglënster de Moie war e Kongress ouni Mësstoun. Keng eenzeg Fro oder kritesch Umierkungen zum Accord, dee sech an der Tripartite dës Woch ofgezeechent huet, a bei deem ënner anerem d'zäitlech limitéierten Erofsetze vun de Spritpräisser ëm 7,5 hallwe Cent soll decidéiert ginn, ass opkomm.

"Eng Fro vun nationaler Solidaritéit"

Och net an de Rieden, mol net an där vum Vize-Premier François Bausch, dee méi am Detail op d'Verhandlungen dës Woch zu Senneng agaangen ass, gouf dee Punkt ugeschwat.

Déi gréng géife "geschlossen" hanner deem Mesurëpak stoen, hat de Co-President Meris Sehovic scho virdru gesot. De François Bausch huet also weider keng Iwwerzeegungsaarbecht méi misse leeschten, hien huet de Package gelueft als "déi richteg Äntwert fir kuerzfristeg schnell ze hëllefen". Hien huet appelléiert engersäits un d'Gewerkschaften den Accord, net méi platzen ze loossen, anerersäits och un d'Oppositioun, dem Pak duerno an der Chamber zouzestëmmen. Dat wier eng Fro vun nationaler Solidaritéit.

"Regierung iwwerhëlt de gréisste Risiko"

Sollt den Accord zustane kommen, géif dat de Staat 500 Millioune kaschten - de François Bausch fënnt, et wier nach net genuch an der Ëffentlechkeet ukomm, datt d'Regierung de gréisste Risiko iwwerhëlt.

Méi wéi 200 Millioune vun där hallwer Milliard géifen als cibléiert Aiden un d'Entreprise goen, fir hinne bei der energetescher Transitioun ze hëllefen: "Mir mussen dës Kris notze fir den Turbo beim Green New Deal anzegeheien", sou de François Bausch. Dat wier gutt, net just fir de Klimaschutz, mee géif och hëllefen sech aus der Ofhängegkeet bei der Versuergung mat fossillen Energië vu Russland a vun aneren Diktaturen an Autokratien ze léisen.

Weider war et den Appell un d'Leit, solidaresch ze sinn an ze bleiwen, wann et ëm den Accueil vu Flüchtlingen aus der Ukrain geet.