Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi 27 Memberstaate weisen Eenheet am Brexit-Prozess

EU-Sommet

Déi 27 Memberstaate weisen Eenheet am Brexit-Prozess

Den Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun gëtt lues a lues méi konkret. Um EU-Sommet ouni Groussbritannien hunn d'Memberstaaten Eenheet gewisen. Duerch d'Vehandlungsmethod erhofft ee sech, datt dës Unitéit och no de Brexit-Diskussiounen wäert bestoe bleiwen.

auto_stories

3 min

Um Dagesprogramm vum sougenannte Brexit-Sommet stoung just den Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU. Ee kuerze Sommet, dat weist no baussen, datt ee sech eens ass. Et gouf fir eng Kéier emol näischt wouriwwer huet misse gestridden ginn. A manner wéi zéng Minutten ware sech déi 27 eens iwwert den Text, deen a grousse Linne festleet, wéi de Brexit organiséiert soll ginn.

Den Conseilspresident Donald Tusk sot, et wier méi liicht gewiescht, d'Reien zesummenzehalen, wéi hie geduecht hat. Ofgesi vun enger Rëtsch spezifesche Problemer wier "en erstaunlecht an erfreelecht Moos u Gemeinsamkeete visibel ginn", sot déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel nom Sommet.

Zolidd Unitéit

Eng Unitéit, déi awer och hale muss, wa bis konkret verhandelt gëtt. Dem Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no wier dës Unitéit awer zolidd. "Ech kann net ausschléissen, datt et am Laf vun de Verhandlungen zu ënnerschiddlechen Aschätzungen tëscht de Memberstaate kënnt. Mee wa mir mat den Englänner ze dinn hunn, da si mir wéi ee Mann."

Anerersäits hat de Jean-Claude Juncker scho ganz um Ufank vum Prozess drop higewisen, datt Groussbritannien wäert probéieren, ee Käil tëschent déi 27 ze dreiwen. Hie géif dat elo nach net gesinn, esou de Kommissiounspresident. "Mee dat wäert ouni Zweiwel geschéien."

Dowéinst ëmsou méi de Message vun de 27, datt et an hirem Interessi ass, wann Europa mat enger Stëmm schwätzt. Dat wier dat "Natierlechst vun der Welt", mengt d'Bundeskanzlerin Angela Merkel. "Domat hu mir eis awer net géint eppes alliéiert. Mee mir maachen et Groussbritannien souzesoe méi einfach, datt mir mat enger Stëmm schwätzen. Dann hu mir kloer Konditioune fir dës Verhandlungen a Frëndschaft, a Fairness ofzehalen. "

Mat enger Method an d'Verhandlungen

Et hätt ee vun der Method hier dofir gesuergt, datt London et net fäerdeg bréngt, déi aner EU-Länner auserneen ze dividéieren, sot de franséische President François Hollande. Et gëtt all Kéiers just da viru verhandelt, wann déi 27 alleguerte mam Resultat zefridden an averstane sinn. Dem François Hollande no géif Groussbritannien nämlech déi klengste Spléckung benotzen a probéiere fir eng Muechtpositioun unzehuelen.

"D'EU huet et fäerdeg bruecht fir an d'Verhandlunge mat Prinzipien, Objektiver an enger Method eran ze goen. Déi gewielte Method wäert et erlabe fir d'Unitéit ze verifizéieren. Duerch dës Unitéit kann d'EU hier Interesse schützen."

Wouhinner mat den zwou EU-Agencen?

Datt d'Interessen vun de Memberstaaten net ëmmer déi selwecht wäerte sinn, weist d'Beispill vun zwou EU-Agencen a Groussbritannien: D'Europäesch Banken-Agence an déi fir d'Medikamenter z'iwwerwaachen. Béid sollen der Meenung vun de 27 Memberstaate no op de Kontinent plënneren. Et wier ee sech awer net eens, wouhinner, confirméiert de Kommissiounspresident.

"Also ech kréien all Dag Bréiwer fir déi verschidden Agencen an ee Land ze kréien. Et ass de Moment, bis op ee Land, kee Land wat nach näischt gefrot huet."

Eng vun de 26 Demanden fir d'Medikamentenagence koum aus Éisträich. De Kanzler Christian Kern rechent sech, ënner anerem wéinst "exzellenten Infrastrukturen", gutt Chancen aus.

Fir d'Banken-Agence leien eng sechs bis 7 Demanden um Dësch. Och Lëtzebuerg huet sech do gemellt. Fir de Xavier Bettel steet fest, dat déi Agence op Lëtzebuerg gehéiert. An der EU wier Lëtzebuerg nieft London eng vun den "zwou Haaptstied, déi wierklech Finanzhaaptstied sinn, oder waren". Hie kéint verstoen, datt eng Rëtsch nei Memberstaate wäerten "de Fanger erausstrecke fir ze soen 'Mir hätte gären'. Mee fir mech ass et awer logesch, datt mir awer op déi Plaz dat setzen wat och do passt, wou de Microcosme do passt."

Critèren, wéi dee Choix ënnert de 27 gemaach gëtt, ginn um nächste Sommet am Juni definéiert. Do gëtt et dann ëmmer méi konkret, an domat och méi komplizéiert, mat der Eenheet vun der Unioun an dësem Brexit-Prozess.