Sozialwahlen 2019 Definitiv Resultater fir Sozialwahlen

Den OGBL behält mat 35 vu 60 Sëtz déi absolut Majoritéit an der Salariatskammer. Bei de Sozialwahlen huet den Onofhängege Gewerkschaftsbond awer dräi Sëtz un den LCGB verluer. De Chrëschtleche Gewerkschaftsbond huet elo 18 Sëtz an der CSL. Dës Resultater huet den Aarbechtsministère haut publizéiert.

Pia Oppel / Carole SChimmer / cbi

Wahlen
Foto: Bigstock / Alexandru Nika.

Den OGBL verléiert an de Gruppe vum Bausecteur, der Industrie, an de Servicer jeeweils ee Sëtz un den LCGB.

Am Finanzsecteur bleift d'Aleba mat véier Sëtz stäerkste Kraaft. D'Bankegewerkschaft krut hei awer nëmme méi 49 Prozent vun de Stëmmen (2013 waren et 50,39 Prozent). Mat hirer Majoritéit verléiert d'Aleba am Prinzip och déi sektoriell Representativitéit, an deemno d'Recht fir Kollektivverträg z'ënnerschreiwen.

Am Grupp vun den CFL-Mataarbechter bleift alles beim Alen: de Landesverband huet zwee Sëtz an de Syprolux een.

Wie gëtt nächst(en) CSL-President(in)?

Den OGBL-President André Roeltgen ass am Grupp vun de Servicer fir seng Gewerkschaft just als zweete Suppleant gewielt. Éischtgewielt ass hei d'OGBL-Generalsekretärin Nora Back. Den André Roelten war am Gespréich fir neie President vun der Salariatskammer ze ginn - wat mat dësem Resultat wuel net méiglech ass.

Den LCGB-President Patrick Dury ass am selwechte Grupp Éischtgewielte vu senger Gewerkschaft.

De Jean-Claude Reding, dee bis elo CSL-President war, awer net méi fir dee Posten zur Verfügung steet, gouf am Grupp vun de Pensionnéierten op der Lëscht vum OGBL als Éischte gewielt.

Wahlbedeelegung a Fraenundeel

Wahlberechtegt ware ronn 526.476 Salariéen a Pensionnéierter. D'Wahlbedeelegung louch bei duerchschnëttlech 33 Prozent. Wat ee liichte Réckgank am Verglach zu 2013 bedeit. Deemools hunn 36 Prozent vun de Wahlberechtegten hir Stëmmen ofginn.

Déi héchst Wahlbedeelegung gouf et mat 76 Prozent am Grupp 1 (Stolindustrie). Déi niddregst Wahlbedeelegung gouf et mat 25 Prozent am Grupp 5 (Servicer).

Ënnert de Kandidate ware just een Drëttel weiblech. Vun de 60 Sëtz ginn der 22 u Fraen (37 Prozent). Bis elo ware 14 Fraen an der Assemblée plénière vun der CSL (also 23 Prozent).


Reaktioun vum Patrick Dury (LCGB):

Lauschteren

De Patrick Dury iwwer d'sektoriell Representativitéit:

Lauschteren


Reaktioun vum Laurent Mertz (Aleba):

Lauschteren

De Laurent Mertz iwwer d'sektoriell Representativitéit:

Lauschteren


Déi ganz Sëtzverdeelung an der Salariatskammer:

Verglach Sëtzverdeelung mat 2013 an 2008:

Méi zum Thema

Resultater Sozialwahlen Analys
Sozialwahlen 2019

An den Etablissementer mat iwwer 500 Salariéë kréien d'Gewerkschafte bal 90 Prozent vun den Delegéiertemandater. Den OGBL verléiert liicht un Zoustëmmung beim Personal, während den LCGB gewënnt.

Manifestatioun-OGBL-LCGB

Den 12. Mäerz ware Sozialwahlen. A ronn 3.800 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, goufen d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer goufen nei gewielt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen