D'Projete goufe vu Fuerschungszentere wéi dem LIST an der Uni.lu, a Firmen ewéi Euro-Composites entworf. Eng EU Direktive schreift vir, datt d'Memberlänner 2% vun hirem Defense Budget an d'Recherche an Entwécklung investéieren.
Projete mat duebelem Notzen
Dofir war zejoert bei de Betriber a Fuerschungs-Organer hei am Land en Appell lancéiert ginn, fir Projeten, mat engem militäreschen, mee och engem ziville Notzen, anzereechen. Am Jargon heescht dat "dual use".
De Verdeedegungsminister François Bausch erkläert datt do och déi ekologesch Transitioun an Zukunft kéint dovu profitéieren. Dofir wéilt de Verdeedegungsminister an engem nächsten Opruff och an de Beräich vun neien Untriibs-Systemer, oder syntheetesche Kraaftstoffer goen.
De Budget wäert weider klammen
D'Projeten déi elo agereecht goufen, ware fir d'Beräicher Weltall a Materialien. Do gëtt et hei am Land scho vill Entreprisen, a vill Fuerschung. 60 Projete goufen agereecht an 13 goufen der zeréckbehalen. Déi ginn elo mat 9,5 Milliounen Euro aus dem Defense Budget finanzéiert.
De Budget, deen d'Defense an esou "dual use" Recherche an Innovatioun investéiert, wäert an Zukunft weider klammen.
"Ab 2023 wäert dann all Joer ongeféier ee Véierel vum Budget vun der Recherche an Entwécklung finanzéiert ginn iwwer d'Defense"
"Innovatiouns Fong" vun der Nato kënnt op Lëtzebuerg
Doduerch soll och de Ruff vu Lëtzebuerg als internationale Standuert fir Recherche an Innovatioun gestäerkt ginn. An deem Kontext huet de François Bausch och drun erënnert, datt den "Innovatiouns Fong" vun der Nato op Lëtzebuerg kënnt.
"Do geet et herno ëm riseg Zommen, do schwätze mer jo dann net méi just vu Lëtzebuerg, mee vun der ganzer Nato."
Detailer dozou soll et dem Minister no am September ginn.