Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Night Crawling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Deep Space Industries bleift zu Lëtzebuerg

Weltraumressourcen

Deep Space Industries bleift zu Lëtzebuerg

D'Firma Deep Space Industries hält um Standuert Lëtzebuerg fest - och nom Verkaf un en neien Aktionär. Dat sot eis de Wirtschaftsminister Etienne Schneider op Nofro hin. Nach am Januar solle bei engem Treffe mam neien Aktionär Detailer diskutéiert ginn.

auto_stories

2 min

Foto: Bigstock / Maximusnd

Eng zentral Fro dobäi kéint sinn, wéi staark de Space Mining - also den Ofbau vu Ressourcen am Weltall - nach en Zil, respektiv eng Prioritéit vun der Firma wäert sinn. Ëmmerhin huet de Lëtzebuerger Staat 2016 eng Kollaboratioun mat Deep Space Industries lancéiert, fir sech am Beräich vum Space-Mining als Standuert ze positionéieren. Wéi vill ëffentlech Gelder bis ewell an de Projet gefloss sinn, konnt de Minister op Nofro hin net präziséieren. Gegrënnt gouf doropshin d'Duechtergesellschaft Deep Space Industries Europe mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

Déi spezialiséiert Online-Publikatioun SpaceNews schreift, datt den neien Aktionär mam Numm Bradford Space sech weider op den Transport vu Satellitte wëllt spezialiséieren. Ee Vertrieder vu Bradford Space gëtt mat der Ausso zitéiert, hie géif et net ausschléissen, datt de Space-Mining op d'mannst als laangfristegt Zil poursuivéiert gëtt. D'Technologien, déi d'Firma entwéckelt, kéinten dobäi eng Roll spillen.

D'Space-Mining-Strategie vun der Regierung stoung rezent an der Kritik, well de staatlechen Investissement vun zwielef Milliounen Euro an d'Space-Mining-Firma Planetary Ressources wéinst der Faillite vun der Start-up verluer ass.

Wéi héich ass déi staatlech Hëllef fir Deep Space Industries?

Och Deep Space Industries, sou gouf et 2016 annoncéiert, sollt eng finanziell Hëllef vum Staat kréien. Eventuell géif een och Undeeler um Kapital vum Konzern huelen, huet et deemools geheescht. Eng präzis Strategie a genee Chiffere goufen zanterhier net bekannt. Ëm wéi vill Suen et geet, konnt de Minister op Nofro hin net präziséieren. Déi staatlech Investitiounsbank SNCI huet ee Prêt accordéiert. Fir wéi ee Montant wollt den SNCI-President Patrick Nickels net verroden.

Den Etienne Schneider schéngt am Fall vun Deep Space Industries awer net mat engem weideren Echec - an deemno dem Verloscht vun ëffentleche Gelder - ze rechnen. De Wirtschaftsminister verweist drop, datt Bradford Space zum Investitiounsgrupp mam Numm American Industrial Acquisition Corporation gehéiert, d'selwecht wéi zanter 2012 och de Produzent vun Aluminiumsfolien Eurofoil zu Diddeleng. De Chef vun AIAC, de Leonard Levie, wier 2016 hei am Land mam Business Award ausgezeechent ginn. Den neien Aktionär wier also "keen Onbekannten".