Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Inkohärenze bei Impf-Invitatiounen

Gesondheet

Inkohärenze bei Impf-Invitatiounen

Dem Luc Feller no wiere rezent Impfinvitatiounen u Leit geschéckt ginn déi dem Covid-19-Impfplang no eréischt méi spéit sollten dru kommen. Sou Fäll wieren dem Haut-Commissaire à la protection nationale no zum Beispill bei der Croix rouge a bei der Fondation Elisabeth virkomm.

auto_stories

2 min

Den Haut-Commissaire à la protection nationale, Luc Feller

Grond wier datt d'Entreprisen deenen hiert Personal fir d'Covid-19 Impfung a Fro kënnt, jee no wirtschaftlecher Aktivitéit identifizéiert ginn. Verschidden Entreprisë hätten allerdéngs verschidden Aktivitéiten. Zum Beispill këmmert d'Fondation Elisabeth sech ëm d'Soine vun ale Leit an ass niewebäi och aktiv an de Maison Relaisen. De System kéint awer just dann en Ënnerscheed maache wann d'Entreprise hier verschidden Aktivitéiten och spezifesch agedeelt huet.


De Luc Fellerplay_arrow


"Wann ech eng Entreprise hunn déi zum Beispill am Beräich vun de soins aux personnes agé agéiert, mee déi och eng activité de crèche niewelaanscht huet an déi Aktivitéit net ventiléiert huet tëschent deene verschiddene Klassifizéierunge vun der NACE Nomencalture déi applicabel sinn, da kann et sinn datt esou leit mat era geroden."

Ënnerscheeder tëscht Spideeler an Alters- a Pfleegeheemer

De Luc Feller erkläert, datt tëscht der Impfstrategie an de Spideeler an an den Alters a Fleegeheemer een Ënnerscheed gemaach gëtt. Am Spidol wier de Patient déi vulnerabel Persoun. Allerdéngs wier et wéinst dem Va et Viens net méiglech all Patient do z'impfen. D'Regierung hätt deemno decidéiert datt jidderee vum Spidolspersonal deen a Kontakt mat engem Patient kéint kommen, sollt geimpft ginn. Dat bedait, datt all Persoun, déi an engem Spidol schafft geimpft gëtt, onofhängeg vun hirer Fonctioun. Och Sous-traitanten déi fir Spideeler schaffen, musse geimpft ginn.

An den Alters- a Fleegeheemer wier dat allerdéngs anescht. Do géifen déi vulnerabel Persoune selwer géint Covid19 geimpft ginn erkläert den Haut-Commissaire à la protection nationale. Hei géif net jidderee vum Personal geimpft ginn, ma just déi Leit vum Personal déi direkt mat de vulnerable Persounen a Kontakt sinn. Dat ass generell d'Personal aus dem Copas-Reseau. Dat Personal dat permanent do schafft, dat gëtt geimpft.

Well net genuch Impfstoff do ass fir all d'Leit mateneen ze impfen, huet Lëtzebuerg e 6-Stufeplang deen definéiert, wie wéini un d'Rei kënnt. Déi éischt Phasë si mam Ethikrot ofgeschwat fir eng sënnvoll a gerecht Prioriséierung ze maachen.