Radioen

On air

De Weekend  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ganz no um Limitt"

Corona-Pandemie

"Ganz no um Limitt"

"D'Infektiounszuelen entwéckele sech zum Gléck net ganz sou extrem wéi gefaart", esou de Fuerscher Alexander Skupin. De Member vun der Lëtzebuerger Fuerschungs-Task Force seet awer, d'Situatioun wier kritesch.

auto_stories

3 min

De Fuerscher Alexander Skupin

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschterenplay_arrow


Déi nächst Deeg géife weisen, a wéi eng Richtung et geet. Déi aktuell positiv Fäll kéinten den Ament nach zum Deel retracéiert an d'Infektiounsketten domat isoléiert ginn, mee et wier ee ganz no um Limitt, seet den Alexander Skupin.

Hoffen op d'Summervakanz

D'Fuerscher hoffen, datt d'Situatioun sech an der Summervakanz entspaant, well vill Leit an der Vakanz sinn an net méi um soziale Liewen zu Lëtzebuerg deelhuelen. Dat géif awer och d'Gefor mat sech bréngen, datt déi Leit de Virus an d'Land importéieren.

Dofir fir de Large Scale Testing wichteg, fir datt een déi Importfäll fréizäiteg entdecken an d'Infektiounsketten ënnerbanne kann. Esou kéint ee verhënneren, datt et vill nei Infektioune ginn, sou wéi dat am Mäerz de Fall war.

Déi wichtegst Instrumenter fir de Verlaf vun der Epidemie anzedämme wieren de Large Scale Testing an de Retracage vun de Kontakter vun de Leit, déi positiv getest goufen.

Crèchen: "Das geringere Übel"

Mëtt Juli gëllen nei Mesuren an de Crèchen. Kanner sinn da rëm an hirem normale Grupp, an net méi just a Gruppe vu fënnef. De Fuerscher Alexander Skupin mengt, et wier generell riskant nei potentiell Infektiounsplazen opzemaachen. D'Zuelen zu Lëtzebuerg géifen awer weisen, datt déi kleng Kanner sech wéineg géifen ustiechen. D'Crèchë wieren "das geringere Übel", esou de Fazit vum Fuerscher Alexander Skupin. Aner Mesurë wéi d'Anhale vun der sozialer Distanz wiere méi wichteg.

D'Fuerscherteam vun der Taskforce huet de weideren Deconfinement an de Crèchë simuléiert. D'Onsécherheet bei dëse Simulatioune wier awer zimmlech grouss, well et net ganz kloer wier, wéi infektiéis Kanner wieren. Et géifen Date ginn, déi suggeréieren, datt Kanner sech net esou séier géifen ustiechen, mee et géif och Hiweiser ginn, datt Kanner sech zwar selwer net esou séier géifen infizéieren, mee de Virus trotzdeem kéinte verbreeden.

Nei Websäit mat Donnéeën

Den effektive Reproduktiounstaux louch an de Méint Abrëll a Mee ënner 1, am Juni ass en awer nees iwwer 1 geklommen. Um Internetsite vum Gesondheetsministère waren déi Zuelen an der Lescht net ëmmer sou aktuell wéi méiglech.

D'Lëtzebuerger Covid-19 Task Force wëll bannent den nächsten zwou Wochen eng eege Websäit opmaache mat reegelméisseg aktualiséierten Zuelen iwwer de Verlaf vun der Epidemie. "Mir sinn dobäi dee Prozess z'optimiséieren", esou de Fuerscher Alexander Skupin.