Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Fell Runner - Come Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidaten

Europawahlen 2019

Debatt tëschent fënnef europäesche Spëtzekandidaten

Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht gëschter Owend co-organiséiert huet. Fënnef europäesch Spëtzekandidaten hunn iwwer Digitaliséierung, Nohaltegkeet an d'Zukunft vun der EU diskutéiert. Fir d'Wieler war et eng gutt Geleeënheet inhaltlech Ënnerscheeder tëschent de Kandidaten ze erkennen - mee verschidde Positioune waren an der Debatt net vertrueden.

auto_stories

5 min

Op der Bühn stoungen de Sozialdemokrat Frans Timmermans, de Grénge Bas Eickhout, de Liberale Guy Verhofstadt, déi Lénk Violeta Tomić an de Konservativen Jan Zahradil. Déi fënnef Kandidate sollten erklären, wat si géife maachen, wa si EU-Kommissiounspresident géife ginn. Dofir gouf de Modell vun de Spëtzekandidate bei de leschten Europawahlen ageféiert.

Les absents ont toujours tort

Am opfällegste war d'Absence vum Manfred Weber, deen als aussiichtsräichste Kandidat fir d'Successioun vum Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident gëllt. De Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei - also der aktuell stäerkster Fraktioun am Europaparlament - war amplaz um 80. Gebuertsdag vum fréieren däitsche Finanzminister Theo Waigel.

De Ryan Heath, Journalist vum Online-Magazine Politico a Co-Moderateur vun der Debatt, huet gemengt de Publikum sollt seng Conclusiounen aus där Ofso zéien. Op seng Remarque "Make of that what you will" hunn d'Leit mat Laachen an Applaus reagéiert.

Och net derbäi war de Spëtzekandidat vun der lénker "Fräier Europäescher Allianz": De Katalan Oriol Junqueras ass aktuell a Spuenien an Untersuchungshaft wéinst senger Roll beim katalaneschen Onofhängegkeetsreferendum.

Keen Europaskeptiker derbäi

Ganz gefeelt huet eng europaskeptesch Stëmm. D'Beweegung fir en Europa vun den Natiounen a vun der Fräiheet, zu där déi däitsch AfD, déi Éisträichesch FPÖ, de franséische Rassemblement National an déi italienesch Lega gehéieren, ass zwar eng vun den offiziell registréierten europäesche Parteien, mee si huet bis elo kee Spëtzekandidat.

Datt just ee Vertrieder vun der Droite do war, ass an der Diskussioun opgefall: Eng europawäit Mindestbetriibsbesteierung vun 18 Prozent? Minimal Sozialstandarden, dorënner ee fir all Land adaptéierte Mindestloun? Eng méi staark Reguléierung a Besteierung vu groussen Internetkonzerner? An all dëse Froe huet just den Tschech Jan Zahradil dogéint argumentéiert.

Hien ass dogéint, datt d'EU weider Kompetenze kritt an ëmmer méi wéi e Staat géif ginn: "Ech gleewen nach ëmmer, datt d'EU kee Staat ass an dowéinst d'Entreprisen net sollt besteieren. Dat sollen national Regierunge maachen, well si vertrieden ee Staat. An ech fannen, datt d'EU kee Staat soll ginn."

Konsens am lénks-liberale Spektrum

Wa Sozialdemokraten, Grénger, Liberaler an d'Gauche sech a sou ville Froen eens sinn, firwat ass dann trotzdem an de genannte Beräicher net dat geschitt, wat elo am Wahlkampf gefuerdert gëtt? Dat gouf de Sozialdemokrat Frans Timmermans gefrot, deen ëmmerhin Vize-President vun der aktueller EU-Kommissioun ass. D'Memberstaate stéingen dacks op der Brems, zum Beispill wann et drëms geet Internetkonzerner ze besteieren, sou seng Äntwert.

Mëttlerweil hätt jiddweree verstanen, datt eenzel Länner net méi d'Muecht hätte fir déi grouss Technologiekonzerner ze kontrolléieren an ze besteieren: "Si gi gezwonge fir hinnen e steierfräien Accès zu hiren Ekonomien ze ginn. Nëmmen Europa kann dat stoppen. Mir mussen d'Memberstaaten iwwerzeegen, eis d'Muecht ze ginn, dat direkt ze maachen."

Wéineg Konkretes vun der Violeta Tomić

Relativ grousse Konsens gouf et och bei der Fuerderung no enger ambitiéiser Klimapolitik. D'Thema huet awer och gewisen, datt et deels u konkrete Virstellunge feelt, wéi dës Politik soll ëmgesat ginn. Déi lénk Spëtzekandidatin Violeta Tomić konnt trotz e puer Nofroen net erklären, wéi ee Verloscht vun Aarbechtsplazen a klimaschiedleche Secteure misst encadréiert ginn.

Et géifen eben "nei, gréng Aarbechtsplazen" entstoen, esou hir Ausso. Deen Transfert vun engem Industriesecteur an een anere géif jo awer net direkt oflafen, huet de Journalist nogefrot. Effektiv wier dat keen "direkten Transfert", mee e luesen Iwwergank, huet déi lénk Spëtzekandidatin gemengt. Soulaang een a gréng Technologien géif investéieren, kéint een d'Zil vun enger klimaneutraler Ekonomie erreechen.

Fräien Handel no sozialen an ekologesche Critèren

Méi konkret war d'Fuerderung vun der Violeta Tomić, datt Fräihandelsaccorden u sozial an ekologesch Krittären, notamment d'Anhale vun Paräisser Klimaaccord misst gebonne ginn.

De grénge Spëtzekandidat Bas Eickhoudt huet sech där Propos ugeschloss an doriwwer eraus gefuerdert, datt d'UN-Nohaltegkeetsziler an alle Politikberäicher als iewescht Prioritéit fixéiert ginn, a besonnesch an der Handelspolitik: "Et geet drëms Aarmut ze bekämpfen. Dat muss d'Zil vun eisen Handelsaccorde sinn. Doduerch entsteet eng Course no uewen, amplaz wéi elo eng Course no ënnen. Dëst ass e fundamentale Changement an alle Politikberäicher, och an der Landwirtschaft."

Plaidoyer fir eng aner Migratiounspolitik

D'Migratiounspolitik, déi an de leschte Jore fir vill Sträit an der EU gesuergt huet, war kee grousst Thema an der Debatt. Fir hie wier dëst awer eng Prioritéit, huet de Guy Verhofstadt a sengem Schluss-Statement gemengt.

Zil missten een europäesche Grenz- a Küsteschutz, gemeinsam europäesch Asylreegelen an ee Kader fir eng legal Wirtschaftsmigratioun sinn.

Geschlechterequiliber an der EU-Kommissioun

100-prozentege Konsens tëschent de fënnef Spëtzekandidate gouf et just an enger Fro, nämlech datt an der nächster EU-Kommissioun missten d'selwecht vill Frae wéi Männer sinn. Haut si just siwe vun den 28 Kommissäre Fraen.

Dësen Engagement, deen och vum EVP-Spëtzekandidat Manfred Weber scho gemaach gouf, kéint iwwregens fir d'Lëtzebuerger Regierung eng Hürd ginn, déi den LSAP-Spëtzekandidat Nicolas Schmit als EU-Kommissär wëllt proposéieren.


Déi integral Maastricht-Debatt kann een hei kucken.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.