Wohngemeinschaften De WG-Projet vu LIFE

D'Asbl LIFE huet e Projet lancéiert, deen hëllefe soll fir méi WG-Zëmmeren zu Lëtzebuerg ze schafen. Donieft ass d'Zil, d'Solidaritéit an der Gesellschaft ze fërderen.

Pit Walté / cz

Wohngemeinschaft
Foto: Bigstock / Wavebreak Media Ltd

Fir dëse Projet huet d'Asbl en Haus zu Zolwer kaf, an deem elo WG-Zëmmeren entsoe sollen. Donieft géif een d'Haus och sanéieren an esou energieeffizient wéi méiglech maachen, seet de Gary Diderich, Politiker vun déi Lénk a Member vu LIFE.

Déi siwen Zëmmer déi do entstinn, sollen dann u Jonker tëschent 18 a 26 Joer verlount ginn, fir 300 Euro de Mount. Ronn 860.000 Euro huet d'Haus kascht an et soll nach eemol eng Millioun an d'Renovatioun investéiert ginn, esou de Gary Diderich zum Finanzement.

De Logementsministère steiert 75 Prozent vun de Sue bäi, et hätt een awer och nach eng Demande bei enger Fondatioun gemaach, fir eventuell co-finanzéiert ze ginn. "Mee mir hunn awer och e Prêt iwwer den alternative Spuerkont vun der Etika gemaach. Do kréie mir da gutt Konditiounen", sou de Gary Diederech.

Mam Loyer, deen ee mat den Zëmmer generéiert, soll dee Prêt dann zeréckbezuelt ginn.

Mobiliséierung vun Zëmmeren, Wunnengen, Haiser

De Projet vun der Asbl LIFE fir méi bezuelbar WG-Zëmmeren op de Maart ze bréngen huet och nach en zweete Volet. An zwar rifft ee Proprietären dozou op fir Zëmmeren, Wunnengen oder Haiser zur Verfügung ze stellen, fir doraus Colocataire-Zëmmeren ze maachen, erkläert d'Nathalie Reuland vu LIFE.

"D'Asbl bitt de Proprietären e Kontrakt un, an deem mir de Loyer garantéieren an an deem mir och deen eenzegen Uspriechpartner fir si sinn." D'Asbl këmmert sech ëm en Ersatz-Locataire, wann en Zëmmer fräigëtt. Och Entretiensaarbechte gi vun der Asbl organiséiert.

"D'Colocatairë sollen och esou vill wéi méiglech an d'Decisioune mat agebonne ginn, well d'Ambiance an der Wunngemeinschaft soll stëmmen. Dofir dierfe si och mat decidéieren, wie mat wiem wunne soll", sou d'Nathalie Reuter.

300 bis 600 Euro Loyer sollen déi Wunnengen, déi dobäi entstinn, de Mount kaschten. Anescht wéi beim Haus zu Zolwer ass deen heite Projet awer net exklusiv fir jonk Persounen, mee fir de breede Public.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Tom Becker
Logement zu Lëtzebuerg

De Geograph Tom Becker vermësst eng iwwergräifend Strategie fir de Logementsproblem ze léisen. De Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg seet, et wier wichteg, datt de Staat, d'Gemengen an déi privat Acteure sech besser berode loossen.

Sam TANSON
Logement a Kultur

De Logement wier eng richteg Erausfuerderung. Si géif awer och d'Potential an deem Ministère gesinn, notamment duerch d'Zesummenaarbecht mat deenen anere grénge Ministeren, esou d'Sam Tanson.

Julien Licheron
Chamberwahlen 2018

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

De Logement gouf vergiess
Chamberwahlen 2018

D'Problemer vum Wunnengsmaart an de Grëff ze kréien. Dat verspriechen all d'Parteien an dësem Wahlkampf. Verschidde Programmer leien no beieneen. Nëmme vereenzelt Mesurë stiechen eraus, fënnt d'Christiane Kleer.

Kichegespréicher #1 - Ëmwelt, Educatioun a Logement
Chamberwahlen 2018

An de Kichegespréicher stelle sech jonk Kandidatinnen a Kandidaten an engem relaxe Kader de Froe vu jonke Wielerinnen a Wieler. An der éischter Episod geet et ëm Ëmwelt, Educatioun an ëm Logement.

Eric Rosin
Invité vum Dag

Deen neien Direkter vum Fonds du Logement Eric Rosin huet sech als Prioritéit gesat erëm Rou a seng Verwaltung ze bréngen. Déi méi wéi 100 Mataarbechter solle kënne méi matschwätzen.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen