Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wahlsonndeg gëtt méi spannend wéi d'Campagne

Chamberwahlen 2018

De Wahlsonndeg gëtt méi spannend wéi d'Campagne

Den Ausgang vun de Wahle wier sou oppe wéi nach ni, do si sech d'RTL-Journalistin Maryse Lanners an de Christoph Bumb vu reporter.lu eens. Et wier awer ganz schwiereg, dës Wahle virauszegesinn.

auto_stories

3 min

D'Maryse Lanners an de Christoph Bumb si sech eens: De Wahlowend gëtt méi spannend wéi d'Campagne.

Wann d'Dräierkoalitioun gestäerkt gëtt, wier Gambia 2 eng reell Optioun: Dat seet de Premier an DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel haut an engem Interview mam Lëtzebuerger Wort. Am Kloertext géif dat wuel bedeiten, datt mam aktuelle Premier mat 31 Sëtz net un e Weiderféiere vun der aktueller Koalitioun ze denke wier, fënnt de Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter.lu.

No de Wahle gëtt et spannend

De Christoph Bumb ass sech mat der Maryse Lanners eens, datt de Wahlsonndeg - am Géigesaz zu der Wahlcampagne - extrem spannend géif ginn. Den Ausgang vun de Wahle wier sou oppe wéi ni. Villes, wat virdrun als konstant ugesi gouf, wier ewechgebrach, seet de Christoph Bumb. "Eleng, datt et zu där Dräierkoalitioun komm ass, huet den demokrateschen Debat, d'Méiglechkeeten no de Wahlen opgemaach: Dat ass eng nei Normalitéit vun der Demokratie, un déi ee sech zu Lëtzebuerg emol eréischt muss gewinnen."

Vill Leit, wéi de Jean-Claude Juncker oder Charel Goerens, ginn net méi mat an d'Wahlen. Wann een "de Wahlsystem e bësse kennt", da géif een zur Conclusioun kommen, datt et ganz schwiereg wier, dës Wahle virauszegesinn.

Parteien a Kandidaten ënnerscheede sech kaum

Datt een den Androck hätt, et géif kaum Ënnerscheeder tëschent de Parteie ginn, hätt domat ze dinn, datt d'Kandidaten haut vill méi professionell encadréiert wieren, wéi dat soss de Fall war, seet d'Maryse Lanners. De Christoph Bumb huet awer ënnerstrach, datt et falsch wier ze behaapten, jiddweree géif dat selwecht soen. Et géife schonn Ënnerscheeder tëschent de Parteie ginn, verschidde Modeller an Ideologie géif een nach ëmmer an de Wahlprogrammer erëmfannen.

De Christoph Bumb mengt, datt een déi konkret Iddien hätt kënne méi offensiv thematiséieren, wéi beispillsweis bei der LSAP d'Aarbechtszäitverkierzung oder d'Erhéijung vum Mindestloun. "Wann een duerch d'Land fiert, gesäit een dat awer néierens op Plakater. Et gesäit ee just Käpp." Dat nämmlecht géif fir d'CSV gëllen, déi hire "sougenannte Plang fir Lëtzebuerg" hätt kënne "méi konkretiséieren". Et wier schonn opfälleg, datt grad déi grouss Parteien déi inhaltlech Debatt net féieren, obwuel am Fong genuch do wier, fir sech vuneneen ofzegrenzen.

D'Maryse Lanners stëmmt deem zou an ergänzt, datt et ëmmer méi zum Virschäi géif kommen, datt Agencë mat am Spill sinn. "Si ginn alleguerten, déi Grouss op d'mannst, gemainstreamt. Et gesäit ee just Käpp." Si géife sech net méi duerch hire Look oder Optrieden differenzéieren. "Si sinn all iergendwéi d'selwecht", seet si.

Politesch Ausernanersetzung gëtt evitéiert

D'RTL-Journalistin Maryse Lanners fënnt et och net gutt, datt den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel an den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler sech net op en Debat zu Dräi mam LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider wëllen aloossen. "Also ech fanne schonn, wann ee sech de Wahle stellt, dann hunn d'Wieler d'Recht op esou eng Konfrontatioun. Si wëlle jo awer wëssen, wat déi verschidde Spëtzekandidate soen. Dat ass jo elo awer näischt, wat egal wär, wat onwichteg wier."

D'Maryse Lanners fënnt et immens schued, datt si dat refuséieren. "Si hu jo awer och e Bilan ze verdeedege respektiv Revendicatioun, si kënne sech profiléieren." Dat géif an dëser Wahlcampagne feelen, seet d'RTL-Journalistin.