Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Wahlkampf ass schonn un

Fräie Mikro

De Wahlkampf ass schonn un

Et sinn nach e bësse manner wéi aacht Méint bis d'Chamberwahlen, mä d'Parteien an déi potentiell Kandidate stelle sech schonn a Positioun, fir eist Land an den nächste Méint op Trapp ze halen. Mat engem Bléck op d'Sondagen, déi awer héchstens en Trend vun der momentaner Onzefriddenheet beim Wieler zeréckspigelen, mierkt een, datt sech lues a lues déi perséinlech a parteiesch Ambitiounen erausschielen.

auto_stories

3 min

Laurent Moyse

D'Zukunft vun der Dräierkoalitioun, déi an dëser Konstellatioun 2013 fir d'éischt eng Regierung gebilt huet, steet um Spill, grad wéi d'Schicksal vun der gréisster Oppositiounspartei, déi fir d'zweete Kéier no 1945 net matregéiere konnt. Bei der CSV ass den Optimismus grouss, datt déi fënnef moer Joer an der Oppositioun en Enn kréien. Dës Partei, déi egal wéi am Oktober d'Nues wäert vir hunn - esou grouss ass hire Virsprong op d'politesch Konkurrenz - muss sech ëmmer nees viru sech selwer schützen, well si d'Tendenz huet, eng gewëssen Arroganz ze weisen, wann d'Muechtgefill a verschiddene Käpp ze vill grouss gëtt. Sollten d'Sondagë Recht behalen, dierft d'CSV de Choix hunn, säi Koalitiounspartner auszesichen; eng Situatioun, déi komfortabel kléngt, déi awer net ouni Konsequenzen op déi zukünfteg politesch Landschaft wäert hunn.

Déi gréng

Déi Partei, déi am meeschten den Androck gëtt, fir wëlle mat der CSV ze paktéieren, ass déi gréng, déi an der leschter Zäit ganz opfälleg déi gréissten Oppositiounspartei mat seidenen Händschen upéckt. Dat ass e Kontrast mat där Zäit, wou si nach an der Oppositioun war a sech gréng a giel iwwert déi Schwaarz geiergert huet. Bei de Gemengewahlen zu Esch war zwar déi al Garde entrüst iwwert d'Allianz tëschent déi gréng an der CSV um lokalen Niveau, mä dat war éischter e Combat d'arrière-garde, deen de Realo-Fligel kaum dierft beandrockt hunn.

DP

Wat d'DP betrëfft, sou geet et virun allem drëms, esou wäit et geet, Verloschter géintiwwer 2013 ze begrenzen. Déi Kéier virdrun, wou déi Liberal - nodeems si dräi Sëtzer bäikruten - an der Regierung waren, nämlech vun 1999 bis 2004, hu si uschléissend fënnef Sëtzer verluer a mussen de battere Wee an d'Oppositioun goen. Doduerch datt si elo de Poste vum Premier besetzen an déi delikaatst Ministèren ënnert hirer Regie hunn, si si am meeschten exposéiert. Dat kéint si, wéi 2004, e puer Sëtzer kaschten.

LSAP

Deen drëtte potentielle Koalitiounspartner, d'LSAP, huet an de leschte Wahle prozentual säin Déifpunkt an der Nokrichsära erreecht. Trotzdem hunn d'Sozialisten et fäerdeg bruecht, zënter 2004 weiderhin an der Regierungsverantwortung ze bleiwen, mä si hu missen dofir op de Poste vum Premier verzichten. De vermeintleche Spëtzekandidat vun de Sozialisten huet elo erëm versicht, d'Kaarten ganz nei ze mëschen, andeems hien un déi franséisch Verhältnisser ënnert dem Emmanuel Macron uknäppe wëllt. Hie weess nämlech, datt nëmme wann d'politesch Landschaft zu Lëtzebuerg uerdentlech duerchgerëselt gëtt, de Premier net onbedéngt dee wäert sinn, deen déi meescht Observateure virausgesinn. Ob dat dem Space Resources-Minister geléngt, steet allerdéngs op engem anere Stär.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.