Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Weeknd - Dancing In The Flames

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Vizepresident vum SIGI wëll net demissionéieren

Informatik-Syndikat

De Vizepresident vum SIGI wëll net demissionéieren

De Vizepresident vum interkommunalen Informatik-Syndikat SIGI wëll net demissionéieren, dat confirméiert de Nico Jacobs. Virun zwou Wochen hat de President vum SIGI Yves Wengler demissionéiert, nodeems dräi Auditte Mëssstänn am Personal- a Finanzmanagement beim gréisste Gemenge-Syndikat confirméiert haten, grad ewéi Onzefriddenheete vun de Gemenge mat de SIGI-Servicer.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Nico Jacobs weist dës Reprochen zeréck. De Vizepresident vum SIGI fënnt och net datt hien a Saache Finanze méi falsch sollt gemaach hunn, wéi déi aner Memberen am Büro vum Gemengesyndikat. Dee Büro, zu deem och de President Yves Wengler an d 'Vizepresidentin Josiane di Bartolomeo-Ries gehéieren, besteet aus siwe Memberen, déi alleguer an der Gemengepolitik aktiv sinn.

"Dat eenzegt wat ech vläicht falsch gemaach hunn, ech sinn an all Büro, wat vill Leit net sinn."

De Nico Jacobs betount, datt hien an all Büro eng hallef Stonn éischter gewiescht wier, fir d'Dossieren ze ënnerschreiwen. A sengen Ae wier dat de Beweis, datt hien a ville Sitzunge gewiescht wier.

Weider fënnt den Nico Jacobs, datt och den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler, deen no de Resultater vun den dräi Auditten, decidéiert huet no 22 Joer als President vum SIGI ze demissionéieren, sech a punkto Finanzmanagement näischt ze reprochéieren huet.

"Datt den Yves, dee Minimum eemol d 'Woch do war, datt dee vläit méi Interna wosst wéi aner Leit, dat ass duerchaus méiglech. Mee och do gëtt sech ëmmer nëmmen an deem Beräich beweegt, wat de Budget virgesäit."

Alles an allem wier awer bei deenen dräi Auditten näischt dobäi, wat wierklech positiv wier, gëtt de Vizepresident vum SIGI zou. Den Audit iwwer d'Satisfaktioun vun de Member-Gemengen, dee géing wéi doen, gëtt de Vizepresident vum SIGI zou. E géing awer och verschidde Wourechten op d'Tapéit bréngen.

De Nico Jacobs vertrëtt déi 25 kleng Gemengen am Norden. Hien ënnersträicht, datt déi kleng Gemenge besser ewech komm wieren, wéi déi grouss. Et wier awer kee vun den Auditte positiv an doru misst elo geschafft ginn.

Wat d'Onzefriddenheet beim Personal ugeet, do argumentéiert den Nico Jacobs, datt virum Audit keen an de Büro vum SIGI komm wier, fir ze soe wat net gutt géif lafen. Och dem Comité vum Gemengesyndikat wiere keng Problemer am Beräich vum Personal matgedeelt ginn.