Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Virus gëtt net un der Grenz besiegt, mee bannent de Grenzen"

Corona-Kris

"De Virus gëtt net un der Grenz besiegt, mee bannent de Grenzen"

Datt verschiddene Regierungen elo an der Corona-Kris näischt anescht afält, wéi d'Grenzen zouzemaachen "beweist, datt d'Politik an deene meeschte Länner näischt bäiléiert", seet de Robert Goebbels. Hien hat 1985 als Staatssekretär deen éischte Schengenaccord fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

auto_stories

2 min

De Robert Goebbels huet 1985 fir Lëtzebuerg de Schengenaccord ënnerschriwwen

Datt d'Grenzen zoumaachen am Kampf géint de Virus näischt bréngt, géif een um Beispill Groussbritannie gesinn. Hie fënnt den Acquis vum Schengenaccord "eppes Fantastesches": 1,5 Milliarde Leit hätten d'lescht Joer d'Bannegrenzen iwwerschratt, ouni kontrolléiert ze ginn. Och Touristen, Frontalieren an de Commerce profitéiert vum Schengenaccord.

Wat geschitt no der Kris?

Suergen, datt Schengen a Fro oder souguer ofgeschaaft kéint ginn, mécht de Robert Goebbels sech keng. Dat wier éischtens extrem komplizéiert, an zweetens wier dat de Leit no der Kris och net méi ze vermëttelen. D'Leit géife gesinn, wéi iwwerflësseg an deem Kontext d'Grenzkontrolle sinn an et kéint een de Coronavirus "net un de Grenze besiegen, mee bannent de Grenzen".

De Robert Goebbels geet dovunner aus, datt d'Leit erëm eng onwarscheinlech Loscht op Fräiheet an op Reese kréien, wann d'Kris bis eriwwer ass, "a wou d'Leit net géifen acceptéieren, mol net an Ungarn an a Polen, datt si weider agespaart sinn".

De Schengenaccord ofschafen ass net esou einfach

1985 huet de Robert Goebbels als Staatssekretär deen éischte Schengenaccord fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Zéng Joer drop ass doraus e Raum ouni Grenze Realitéit ginn, deen an der Tëschenzäit och an den Europäesche Verträg verankert ass.

Et wier och guer net esou einfach, fir Schengen nees ofzeschafen, seet de Robert Goebbels, dofir missten d'Verträg vun der Europäescher Unioun geännert ginn:

"An dat ass net esou einfach. Deen, deen dat wëllt probéieren, muss sech op eng laang Aventure astellen. Da mussen déi 27 Parlamenter an d'Europaparlament 'Jo' soen, a mat Sécherheet gëtt et op d'mannst an Irland e Referendum."

Alternativ kéint ee just aus der EU austrieden. "A béide Fäll wënschen ech deenen, déi dat wëlle probéieren, vill Succès." Gëschter waren et exakt 25 Joer, datt d'Fräizügegkeet am Schengenraum Realitéit ginn ass.