Zanter gutt zwee an engem hallwe Mount gëtt an der EU géint Covid-19 geimpft. Bis elo hunn an der Moyenne awer manner ewéi een Zéngtel vun den erwuessenen Europäer hir éischt Dosis krut. Fäerdeg geimpft si grad emol 4,2 Prozent. Zu Lëtzebuerg sinn dat dräi Prozent.
Wann et an deem Tempo virugeet, dauert et also nach bis wäit an d'nächst Joer eran, bis jiddereen an Europa an de Genoss vun enger Impfung koum. Virausgesat, d'Leit sinn iwwerhaapt motivéiert genuch, fir sech impfen ze loossen.
D'Fro stellt sech, wéi vill de Retard vun den Impf-Campagnen domat ze dinn huet, wéi vill Impfstoff ausgeliwwert gëtt? Wann een Zuele kuckt, gesäit een, datt nach laang net all Dosis, déi ausgeliwwert gouf, och verimpft gëtt. Dem "Europäeschen Zentrum fir Krankheets- Preventioun a Kontroll" goufen an der EU ronn 65 Milliounen Dosissen ausgeliwwert, dovu goufe ronn 52 Millioune verimpft. Zu Lëtzebuerg läit dem ECDC no, iwwert een Drëttel vun den iwwer 90.000 geliwwerten Dosissen, am Lager. (Déi Zuele stëmmen iwwregens grosso modo mat deene vun der Lëtzebuerger Regierung iwwerenee)
Doriwwer, iwwer den AstraZeneca-Chaos, de Versuch vun der EU-Kommissioun, Drock op d'Impfstoff-Hiersteller ze maachen - mee och iwwer déi gréngen Hoffnungsschimmer a Form vun engem digitale Covid-Zertifikat hu mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber geschwat.
Lauschtert dat ganz Gespréich an der Mediathéik.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.