Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De véiereckege Krees

Fräie Mikro

De véiereckege Krees

De 15. Februar hat Lëtzebuerg all déi Ressourcen opgebraucht, déi d'Natur 2022 hätt regeneréiere kënnen. Dobäi läit et beim sougenannten Overshoot-Ranking hanner Katar op der zweeter Plaz. E puer Gedanken zu engem weltwäiten onverantwortlechen Ëmgang mat den natierleche Ressourcë vun der Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun a fréier Geschichtsenseignante.

auto_stories

3 min

D'Simone Beck ass Presidentin vun der Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun. Foto: Archiv

Mir huele keng Plastikstute méi, liewen ëmmer méi vegan, kafe fair produzéiert a gehandelt Produkter, schwätzen iwwer d'Agenda 2030 a global Nohaltegkeetsziler, hu Ministère fir Ëmwelt a Klimaschutz. Op globalem Niveau gëtt et Weltklimakonferenzen, säit Jore ginn Ziler proklaméiert, de Réckgang vun der Biodiversitéit ze hallwéieren an Déieren a Planzen an hiren Habitater ze schützen. Awer e wierkleche Fortschrëtt gesi mer net.

Ëffentlech Subside fir Ëmweltzerstéierung

Schlëmmer nach, eng rezent Etüd vun "B Team" an "Business for nature" huet di skandaléis Tatsaach opgedeckt, datt all Joers weltwäit 1,8 Trilliounen Dollar - 1 Trillioun sinn 1000 Milliounen - ëffentlech Subsiden vergi ginn, déi der Ëmwelt schueden. Een Drëttel vun der gigantescher Zomm geet u Firmaen, déi fossil Brennstoffer aus dem Buedem huelen, ronn 520 Milliarden Dollar an den intensiven Akerbau an 350 Milliarden an eng net nohalteg Notzung vum Drénkwaasser. Esou gëtt am Amazonas-Gebitt d'Soja-Produktioun ënnerstëtzt oder d'Palm-Ueleg-Produktioun a Südostasien. Am Iran kréie Firmaen, déi d'Grondwaasser unzapen, virdeelhaft Stroumpräisser, an de Malawi stécht 60 Prozent vun sengem Akerbaubudget a Konschtdünger.

Méi Mënschen, manner Plaz

Et ginn e puer einfach Zuelen: d'UNO rechent domat, datt et 2050 10 Milliarde Mënschen op der Welt gëtt, déi all wënne wunnen, iessen an dezent liewen. Bis dohin gëtt eng geschate Fläch vun 2 Mol der Surface vun Indien fir Akerland, Weed a Wunnraum gebraucht. Aber woher nehmen, wa mer gläichzäiteg mussen Ëmwelt a Klima schützen, nei Bëscher uleeën, op nohaltegen Akerbau ëmklammen a vill méi suergsam mat onse Flëss a Mieren ëmgoen?

D'Verantwortung vun der Wirtschaft

D'lescht Joer huet de Professer an der Ekonomie zu Cambridge Partha Dasgupta eng remarkabel Etüd verëffentlecht, an deen hien Folgendes festhält: Ons Wirtschaft an ons Liewensqualitéit ausschliisslech vun der Natur of. Mir hunn et weltwäit kollektiv verpasst, nohalteg mat hir ëmzegoen, well ons Uspréch wäit iwwer hier Méiglechkeeten erausginn. Fir de Professer Dasgupta ass de Kär vum Problem en déif verwuerzelt a wäit verbreete Versoe vun de politeschen a wirtschaftlechen Institutiounen. Mir mussen endlech eng einfach Wourecht agesinn: ons Wirtschaft ass an der Natur agebett, si steet net ausserhalb. Mir mussen änneren, wéi mir denken, handelen an Erfolleg miessen. Dofir musse mer besonnescht ons Finanz- a Bildungssystemer esou änneren, dass déi Transformatioune méiglech ginn.

Modellzone fir nohalteg Entwécklung

Dofir sinn Initiative wéi der Unesco Biosphäre Reservater esou wichteg. An der Minett Unesco Biosphere gëtt genee dat do studéiert: wéi kann ech d'Natur an d'Biodiversitéit erhalen a schützen, an mat mënschlechen Aktivitéiten an Aklang bréngen. En allgemengt Ëmdenken fir eng nohalteg wirtschaftlech Entwécklung am Aklang mat Naturschutz. Well de Planéit B gëtt et net.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.