Radioen

On air

Notturno  |  Blaze Foley - If I Could Only Fly

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Stol am Mëttelpunkt

Expo "Transitory"

De Stol am Mëttelpunkt

Zu Paräis war Donneschden den Owend de Vernissage vun der Expositioun "Transitory", wou Fotografe vun den dräi europäesche Kultur-Haaptstied ausgestellen. Ausser Esch, sinn och déi serbesch Stad Novi Sad an déi litauesch Stad Kaunas representéiert. Dës dräi Stied hunn a priori net vill gemeinsam, ausser datt hiert Stadbild staark vun der Industrialiséierung gepräägt ass. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis op der Ausstellung.

auto_stories

3 min

De Centre Culturel de Serbie ass e schmuelt Gebai direkt vis-à-vis vum Centre Pompidou. An den dräi Stäck sinn insgesamt 31 Konschtwierker installéiert. Et si virun allem Fotoe vun dräi Stied, vun deene wuel déi mannste Visiteure virdrun eppes héieren hunn: Esch-sur-Alzette, Kaunas an Novi Sad. "Transitory" ass eng kleng Ausstellung an trotzdeem war um Vernissage héichrangege Besuch do: d'Ambassade vun den dräi Länner, d'Direktioun vun Esch2022 an de litauesche Kulturminister Simonas Kairys.

Stol an Interaktioun mat der Gesellschaft

De Simonas Kairys war viru sengem Minister-Mandat Vize-Buergermeeschter vun der litauescher Stad Kaunas, déi vun der EU-Kommissioun zur Kulturhaaptstad 2022 ernannt ginn ass. Vu datt zu Kaunas de wichtegste Flosshafen aus dem Baltikum steet, ass d'Stadbild och immens industriell ugehaucht. Dat trëfft och op Novi Sad an op Esch zou. Obwuel déi dräi Stied an de verschiddensten Ecken aus Europa leien, gläiche sech d'Fotoen. De Kurator vun der Expo Marc Aufraise erkläert:

"L'art, par définition, n'a pas de frontière. Vouloir enfermer la pratique artistique, c'est comme enfermer un esprit : ça n'existe pas. L'esprit national dans l'art ou la culture n'existe pas."

Déi ausgestallte Fotoe setzen d'Stol als Matière oft an de Mëttelpunkt, sief et als Baumaterial an der industrieller Architektur oder a senger Interaktioun mat der Gesellschaft. De Fotograf Ezio D'Agostino dokumentéiert zum Beispill an enger Video-Installatioun de Chantier vun der Möllerei um Belval, wou nach viru 25 Joer Eise geschmolt gouf.

8 Lëtzebuerger stellen aus

D'Stolindustrie huet den Ezio D'Agostino zanter senger Kandheet gepräägt. Deemools huet de gebiertegen Italiener ze Lonkech gewunnt, direkt un der lëtzebuergescher Grenz hanner Péiteng:

"J'ai vécu à une époque où la nuit, quand les hauts-fourneaux ont continué à tourner, le ciel était en feu. Donc il y avait beaucoup de lumière - une lumière très oranger - donc on était capable de lire dans son lit, sans être obligé d'allumer la lumière de la chambre."

Ausser den Ezio d'Agostino stelle vu lëtzebuergescher Säit och den Éric Chenal, de Paul Gaffney, de Romain Girtgen, de Fernand Konnen, de Philippe Matsas, de Wolfgang Osterheld an de Fernand Schütz aus. Domadder sinn iwwer d'Hallschent vun den insgesamt 13 Artiste Lëtzebuerger. Ënner den Éieregäscht war dowéinst och d'Direktesch vun Esch 2022 agelueden. D'Nancy Braun erkläert, datt d'Ausstellung eng Aart Probe-Test fir d'Zesummenaarbecht tëscht den dräi Kulturstied wier:

"Dat ass schonn en Ausbléck op dat wat mir d'nächst Joer wäerte weisen, wat mir sinn als dräi Kulturhaaptstied zesummen an déi Zesummenaarbecht ass eben determinant fir och déi europäesch Dimensioun vun deene Projeten duerzestellen, wat jo ee vun de wichtegste Krittären ass vun enger europäescher Kulturhaaptstad."

D'Fotosausstellung vun den dräi europäesche Kulturhaaptstied leeft nach bis de 15. Dezember am Centre Culturel de Serbie zu Paräis.